Op den Inhalt sprangen

FC Bayern München

Vu Wikipedia
FC Bayern München
Bayern München
Offiziellen Numm: Fußball-Club München, München e.V
Spëtznumm: FC Bayern
Veräinsfaarwen: Rout a wäiss
Grënnung: 27. Februar 1900
Stadion: Allianz Arena
Plazen: 75.000
President: DEUDEU Herbert Hainer
Trainer: FRAFRA Vincent Kompany
Liga: Bundesliga
Saison: 2023/24
Positioun: Bundesliga, 3. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform
Veräinslogo mat 5 Stären

Den FC Bayern München ass en däitsche Foussballclub deen zanter 1965 an der Éischter Däitscher Foussballbundesliga spillt.

Bayern München ass deen erfollegsräichste Club aus Däitschland an ass dee Foussballclub deen déi héchst Memberszuel op der Welt huet (>300 000 Memberen). Zanter senger Grënnung am Joer 1900 hunn d'Stare vu Bayern München 33 däitsch Meeschtertitele gesammelt a sechsmol d'Champions League-Coupe gewonnen. Sou wonnert et och net, datt d'Bayern, wéi se am Volleksmond och nach genannt ginn, ee vun den erfollegsräichsten an ugesinnste Clibb a ganz Europa duerstellt.

E gewësse Franz John huet de Club de 27. Februar 1900 mat 10 Foussballkolleege gegrënnt, nodeem se Sträit mat hirem Stammveräin MTV 1879 München kritt haten. Vill Joer méi spéit war et dann en anere Franz, de Franz Beckenbauer, deen als ee vun de beschte Foussballspiller vun der Welt den FC Bayern München zu weideren Erfolleger gefouert huet.

Allianz Arena

Haut ass den Herbert Hainer President vum FC Bayern München. Am Comité vum Veräi sinn den Andreas Jung (Manager), Michael Diederich (Finanzen) an de Jan-Christian Dreesen (Comitéspresident) vertrueden an den Trainer vum Weltclub ass den Thomas Tuchel.

De leschten Erfolleg vun de Bayern am europäesche Foussball ass de Gewënn vun der Champions League am Joer 2020 wou se sech an der Finall géint Paris Saint-Germain duerchgesat hunn.

Den FC Bayern München huet nieft der Profisekipp och nach Jugendekippen, an eng Fraenekipp.

Nieft de Foussballsekipp gëtt et beim FC Bayern München nach Basketball-, Schach-, Turn-, Dëschtennis-, Arbitter-, Handball- a Keelenabteilungen.

Kader Saison 2024/25

[änneren | Quelltext änneren]

01 DEUDEU Manuel Neuer Kapitän

18 ISRISR Daniel Peretz

26 DEUDEU Sven Ulreich

02 DEUDEU Dayot Upermecano

03 KORKOR Min-jae Kim

15 ENGENG Eric Dier

19 CANCAN Alphonso Davies

21 JAPJAP Hiroki Itō

22 PORPOR Raphaël Guerreiro

23 FRAFRA Sacha Boey

44 HRVHRV Josip Stanišić

06 DEUDEU Joshua Kimmich

08 AUTAUT Leon Goretska

16 PORPOR João Palhinha

27 AUTAUT Konrad Laimer

42 DEUDEU Jamal Musiala

45 DEUDEU Aleksandar Pavlović

46 HRVHRV Gabriel Vidović

07 DEUDEU Serge Gnabry

09 ENGENG Harry Kane

10 DEUDEU Leroy Sané

11 FRAFRA Kingsley Coman

17 FRAFRA Michael Olise

25 DEUDEU Thomas Müller

  • Europokal vun de Landesmeeschter (5) / Champions League (1):
    • Gewënner: 1974, 1975, 1976, 2001, 2013, 2020
    • Zweeten: 1982, 1987, 1999
  • UEFA-Coupgewënner (1): 1996
  • Europacoupe vun de Coupegewënner (1): 1967
  • Weltcoupe (2): 1976, 2001
  • Doublé (13): 1969, 1986, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008, 2010, 2013, 2014, 2016, 2019, 2020
  • Däitsche Meeschter (33): 1932, 1969, 1972, 1973, 1974, 1980, 1981, 1985, 1986, 1987, 1989, 1990, 1994, 1997, 1999, 2000, 2001, 2003, 2005, 2006, 2008, 2010, 2013, 2014, 2015, 2016, 2017, 2018, 2019, 2020, 2021, 2022, 2023
  • Däitsche Vizemeeschter (12): 1970, 1971, 1988, 1991, 1993, 1996, 1998, 2004, 2007, 2009, 2011, 2012
  • DFB-Pokal-Gewënner (20): 1957, 1966, 1967, 1969, 1971, 1982, 1984, 1986, 1998, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008, 2010, 2013, 2014, 2016, 2019, 2020
  • Däitsche Supercup-Gewënner (10): 1983 (inoffiziell), 1987, 1990, 2010, 2012, 2016, 2017, 2018, 2020, 2021, 2022
  • Däitsche Ligapokal-Gewënner (6): 1997, 1998, 1999, 2000, 2004, 2007
Commons: FC Bayern München – Biller, Videoen oder Audiodateien