FC Bayern München
FC Bayern München | ||||
Offiziellen Numm: | Fußball-Club München, München e.V | |||
---|---|---|---|---|
Spëtznumm: | FC Bayern | |||
Veräinsfaarwen: | Rout a wäiss | |||
Grënnung: | 27. Februar 1900 | |||
Stadion: | Allianz Arena | |||
Plazen: | 75.000 | |||
President: | Herbert Hainer | |||
Trainer: | Vincent Kompany | |||
Liga: | Bundesliga | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | Bundesliga, 3. Plaz | |||
|
Den FC Bayern München ass en däitsche Foussballclub deen zanter 1965 an der Éischter Däitscher Foussballbundesliga spillt.
Bayern München ass deen erfollegsräichste Club aus Däitschland an ass dee Foussballclub deen déi héchst Memberszuel op der Welt huet (>300 000 Memberen). Zanter senger Grënnung am Joer 1900 hunn d'Stare vu Bayern München 33 däitsch Meeschtertitele gesammelt a sechsmol d'Champions League-Coupe gewonnen. Sou wonnert et och net, datt d'Bayern, wéi se am Volleksmond och nach genannt ginn, ee vun den erfollegsräichsten an ugesinnste Clibb a ganz Europa duerstellt.
E gewësse Franz John huet de Club de 27. Februar 1900 mat 10 Foussballkolleege gegrënnt, nodeem se Sträit mat hirem Stammveräin MTV 1879 München kritt haten. Vill Joer méi spéit war et dann en anere Franz, de Franz Beckenbauer, deen als ee vun de beschte Foussballspiller vun der Welt den FC Bayern München zu weideren Erfolleger gefouert huet.
Haut ass den Herbert Hainer President vum FC Bayern München. Am Comité vum Veräi sinn den Andreas Jung (Manager), Michael Diederich (Finanzen) an de Jan-Christian Dreesen (Comitéspresident) vertrueden an den Trainer vum Weltclub ass den Thomas Tuchel.
De leschten Erfolleg vun de Bayern am europäesche Foussball ass de Gewënn vun der Champions League am Joer 2020 wou se sech an der Finall géint Paris Saint-Germain duerchgesat hunn.
Den FC Bayern München huet nieft der Profisekipp och nach Jugendekippen, an eng Fraenekipp.
Nieft de Foussballsekipp gëtt et beim FC Bayern München nach Basketball-, Schach-, Turn-, Dëschtennis-, Arbitter-, Handball- a Keelenabteilungen.
Kader Saison 2024/25
[änneren | Quelltext änneren]Gol
[änneren | Quelltext änneren]Ofwier
[änneren | Quelltext änneren]21 JAP Hiroki Itō
Mëttelfeld
[änneren | Quelltext änneren]Stuerm
[änneren | Quelltext änneren]Statistik
[änneren | Quelltext änneren]- Europokal vun de Landesmeeschter (5) / Champions League (1):
- Gewënner: 1974, 1975, 1976, 2001, 2013, 2020
- Zweeten: 1982, 1987, 1999
- UEFA-Coupgewënner (1): 1996
- Europacoupe vun de Coupegewënner (1): 1967
- Weltcoupe (2): 1976, 2001
- Doublé (13): 1969, 1986, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008, 2010, 2013, 2014, 2016, 2019, 2020
- Däitsche Meeschter (33): 1932, 1969, 1972, 1973, 1974, 1980, 1981, 1985, 1986, 1987, 1989, 1990, 1994, 1997, 1999, 2000, 2001, 2003, 2005, 2006, 2008, 2010, 2013, 2014, 2015, 2016, 2017, 2018, 2019, 2020, 2021, 2022, 2023
- Däitsche Vizemeeschter (12): 1970, 1971, 1988, 1991, 1993, 1996, 1998, 2004, 2007, 2009, 2011, 2012
- DFB-Pokal-Gewënner (20): 1957, 1966, 1967, 1969, 1971, 1982, 1984, 1986, 1998, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008, 2010, 2013, 2014, 2016, 2019, 2020
- Däitsche Supercup-Gewënner (10): 1983 (inoffiziell), 1987, 1990, 2010, 2012, 2016, 2017, 2018, 2020, 2021, 2022
- Däitsche Ligapokal-Gewënner (6): 1997, 1998, 1999, 2000, 2004, 2007
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: FC Bayern München – Biller, Videoen oder Audiodateien |