Op den Inhalt sprangen

Ulugh Beg

Vu Wikipedia
Ulugh Beg
Gebuertsnumm میرزا محمد طارق بن شاه رخ
Gebuer 22. Mäerz 1394 jul.
Gestuerwen 27. Oktober 1449 jul.
Samarkand
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Astrolog
Den Ulugh Beg a säin Observatoire op engem sowjeteschen Timber

Den Ulugh Beg, gebuer den 22. Mäerz 1394 zu Soltanije am haitegen Iran, a gestuerwen de 27. Oktober 1449 zu Samarkand, war en Timuridenherrscher, Astronom a Mathematiker.

Dem Ulugh Beg säi kompletten Numm war Mīrzā Muhammad Tāriq ibn Schāh-Ruch (op Tschagataesch: میرزا محمد طارق بن شاہ رخ, op Farsi: میرزا محمد تراغای بن شاہ رخ). Hien ass bekannt als Ulugh Beg (الغ‌ بیگ‎). Weider Schreifweise vum Numm sinn Uluğ Bey, Ulugh Bek an Uluġ Beg. Den Numm Ulugh Beg ass eigentlech en Titel a bedeit souvill wéi Groussen Herrscher.

Agank zum Ulug-Beg-Observatoire (haut e Musée) zu Samarkand
Bannen am Observatoire

Den Ulugh Beg war de Jong vum Schah-Ruch a senger konschtbegeeschterter Fra, der Gawhar-Shad, an domat ee vun den Enkele vum Eruewerer Timur. Säi Papp huet sech 1407 an Nofollegkämpf tëscht den Ierwe vum Timur duerchgesat a 1409 Herat zu senger Haaptstad gemaach. Fir déi fréier Haaptstad net opzeginn, gouf de 15-järege Ulugh Beg, ënner erproufter Momperschaft, als Statthalter zu Samarkand agesat. Spéider huet den Ulugh Beg selbstänneg regéiert. Obwuel hie sengem Papp Truppe gestallt huet, ass hie siele bei hien op Besuch gaangen. Hien huet souguer e Khan als Nominalherrscher agesat. Seng Mënzen hunn awer den Numm vum Schah-Ruch gedroen.

De Vizekinnek Ulugh Beg huet sech mat Mathematik an Astronomie beschäftegt. Duerno koum Konscht, Poesie an d'Studium vum Koran. 1417/20 huet hien d'Ulugbek-Madrasa zu Samarkand gegegrënnt, eng Héichschoul mat 60 bis 70 Geléierten, a 1428 den Observatoire Gurkhani Zij. D'Wëssenschaftler Al-Kashi, Qadi Zada an den Ulugh Beg hunn d'siderescht Joer mat 365 Deeg, 6 Stonnen, 10 Minutten an 8 Sekonne berechent (mat engem Feeler vun 58 Sekonne, verglach mat dem haitege Wäert). Weider gouf tëscht 1420 a 1437 de Stärekatalog Zij-i-Sultani mat de Positiounsdate vun 1018 resp. 992 Stären opgestallt. Den Ulugh Beg huet op der Aarbecht vum Muhammad ibn Musa al-Chwarizmi (zirka 780–850, Mathematik, Astronomie) an dem Ptolemäus (zirka 90–160, Astronomie) opgebaut.

Als Herrscher war den Ulugh Beg wéineg erfollegräich. Nom Doud vu sengem Papp Schah-Ruch 1447 koum hien a Schwieregkeeten, well d'Muechtiwwerhuelung zu Herat net glat verlaf war. Sämtlech Prënzen hunn op Fronte géintenee gespillt, déi net kloer waren, an d'Land gouf geschiedegt. Der Loyalitéit vu sengem Jong Abd al-Latif konnt hien och net sécher sinn. Tëscht de béide gouf et dacks Sträit. D'Feinden hunn d'Onrou ausgenotzt: D'Timuriden hunn d'Syrdarja-Gebitt un de Grënner vum Usbekeräich verluer, den Abu'I-Chair Khan. Hien ass deemools bis Samarkand virgedrongen an huet dem Ulugh Beg seng Truppen iwwerfall.

Déi volleksno Geeschtlech (Sufisten, Derwischen) war net begeeschtert, well den Ulugh Beg d'Wëssenschaft iwwer de Glawen a sécherlech och iwwer seng Flichten als Sultan gesat huet. Dozou koumen ettlech Feierlechkeeten, déi aus dem Rudder gelaf sinn. Säi Jong Abd al-Latif huet hien op Ustëftung vum Hodscha Ubaidulla Akrar, engem Frënd vun de klenge Baueren an de sozial Schwaachen, ofsetzengelooss. Den Ulugh Beg gouf bei Samarkand iwwerwältegt, nodeem déi Geeschtlech Onrou an der Stad ugestëft haten. De Beg huet keng Bleif zu Samarkand fonnt a sech erginn. Doropshinn ass hien op eng Pilgerrees geschéckt ginn, op där hien awer festgeholl an higeriicht gouf.

Den Observatoire gouf zerstéiert, awer een Astronom konnt mat de Stäretafele fortkommen. Den Terrain vum Observatoire gouf 1908 vu russeschen Archeologen entdeckt an ausgegruewen.

  • Wilhelm Barthold: Ulug Beg und seine Zeit. Deutsche Bearbeitung von Walther Hinz (übersetzt nach der Ausgabe Petrograd 1918). Brockhaus, Leipzig 1935 (Abhandlungen für die Kunde des Morgenlandes 21, 1, (Nachdruck: Institute for the History of Arabic-Islamic Science, Frankfurt am Main 1998, (Publications of the Institute for the History of Arabic-Islamic Science - Islamic mathematics and astronomy 54)
Commons: Ulugh Beg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]