Wanter
De Wanter ass eng vun de véier Joreszäiten déi et an den temperéierten Zone vun der Äerd gëtt.
Jee nodeem een op der Nordhallefkugel oder Südhallefkugel ass, gëtt tëscht dem Nordwanter oder dem Südwanter ënnerscheet.
Duerch d'Rotatioun vun der Äerd ëm d'Sonn verännert sech den Zenitstand vun der Sonn tëscht dem südlechen an dem nërdleche Wendekrees, an doduerch kënnt de Wanter all Joer eng Kéier op all Hemisphär erëm.
Astronomesch gesi fänkt de Wanter op der Nordhallefkugel mat der Wantersonnewend un, dat ass da wann d'Sonn am Senkel iwwer dem Südleche Wendekrees steet, an d'Deeg am Norden déi kierzt vum Joer sinn.
De Wanter fänkt deemno un:
- op der Nordhemisphär den 21. oder 22. Dezember
- op der Südhemisphär den 21. Juni
Duerno ginn d'Deeg erëm méi laang an de Wanter hält mat der Equinoxe vum Fréijoer op, d. h.:
- op der Nordhallefkugel den 20. Mäerz oder an der Nuecht op den 21. Mäerz
- op der Südhallefkugel den 22. September respektiv den 23. September
De Wanter dauert 89 Deeg.
Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn ëm 1,7 % vun der idealer Kreesbunn ewech geet sinn déi véier Joreszäiten net gläich laang. Den Nordwanter ass well d'Nordhallefkugel méi no zur Sonn ass (Perihel den 3. Januar) och liicht méi mëll.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wanter – Biller, Videoen oder Audiodateien |