NGC 1141
Foto vun der interaktiver Galaxiëkoppel Arp 118, déi aus NGC 1141 (riets, uewen) an NGC 1144 (lénks, ënnen) besteet, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop. | |
Stärebild |
Cetus (Cet) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 02h 55m 09,7s |
Deklinatioun | - 00° 10' 41" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | S0 pec (Ceinture A) |
Wénkelduerchmiesser | 0,9' × 0,7' |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 110 Mio |
Geschicht | |
Entdecker |
Albert Marth 1864 Édouard Jean-Marie Stephan 1876 |
Entdeckungsdatum | 5. Oktober 1864 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
Arp | 118 |
CGCG | 389-46 |
MCG | +0-8-47 |
NGC | 1141 / 1143 |
PGC | 11007 |
UGC | 2388 |
VV | 331b |
Den NGC 1141 (NGC 1143) ass eng lënsefërmeg Galaxie am Stärebild Cetus, déi am New General Catalogue verzeechent ass. D'Galaxie gouf am Joer 1864 vum däitschen Astronom Albert Marth mat engem Spigelteleskop mat engem Spigel vun 122 cm Duerchmiesser entdeckt an onofhängeg dovun nees am Joer 1876 vum franséischen Astronom Edouard Stephan mat engem 80 cm Teleskop. Bei der Opstellung vum NGC gouf net erkannt, datt béid Observatiounen déi selwecht Galaxie betreffen. Dofir ass déi éischt Observatioun ënner der Nummer 1141 verzeechent an déi spéider ënner der Nummer 1143.[1]
D'Galaxie NGC 1141 interagéiert hefteg mat der Galaxie NGC 1144, déi nëmmen 20 kpc wäit ewech läit, a bewierkt bei där eng besonnesch Kinematik, déi zu enger verzerrter Spiralstruktur féiert. Déi interaktiv Galaxië sinn am Atlas of Peculiar Galaxies (Arp) opgefouert.