Minotaur (Rakéit)
Minotaur ass eng US-amerikanesch Rakéitefamill, deenen hir verschidde Versioune souwuel als Drorakéite wéi och fir suborbital Starten am Kader vu Rakéitenofwiertester agesat ginn. D'Minotaur gëtt vun der Entreprise Orbital Sciences hiergestallt. Den éischte Start war de 26. Januar 2000. D'Rakéite kënne vun der Cape Canaveral AFS a Florida, der Vandenberg AFB a Kalifornien, vum Kodiak Launch Complex an Alaska a vun der Wallops Flight Facility a Virginia gestart ginn.
Well d'Minotaur-Rakéiten op ofgerëschten Interkontinentalrakéite baséieren, déi am Besëtz vun der US-Regierung sinn, kënne se net kommerziell vermaart ginn a stinn nëmmen der amerikanescher Arméi an der NASA zur Dispositioun.
Versiounen op Basis vun der Minuteman-Rakéit
[änneren | Quelltext änneren]D'Minotaur I ass eng véierstufeg Rakéit an all Stuf benotzt festen Dreifstoff. Déi éischt an zweet Stuf vun der Minotaur baséieren op den zwou éischte Stufe vun de Minuteman-II-Interkontinentalrakéiten, déi am Kader vum START-I-Ofrëschtungsvertrag aus dem Déngscht geholl goufen an elo als Drorakéite verschoss solle ginn. Déi drëtt a véiert Stuf entspriechen allkéiers der zweeter an drëtter Stuf vun der Pegasus-XL-Rakéit. D'Notzlaaschtverkleedung an d'Fluchsteierung gëtt och vun der Pegasus XL iwwerholl. An hirer Notzlaaschtkapazitéit läit d'Minotaur mat 575 kg an enger 200 km héijer Ëmlafbunn eppes iwwer der Pegasus XL. D'Minotaur I gouf ufanks als OSP-SLV (Orbital-Suborbital Program - Satellite Launch Vehicle) bezeechent.
D'Minotaur II ass eng liicht modifizéiert Minuteman-II-Rakéit, déi fir suborbital Tester vum Rakéitenofwiersystem NMD gebraucht gëtt. Si ass och ënner der Bezeechnung OSP-TLV (Orbital-Suborbital Program - Target Launch Vehicle) bekannt.
Versiounen op Basis vun der Peacekeeper-Rakéit
[änneren | Quelltext änneren]Eng modifizéiert Peacekeeper-ICBM, déi och fir suborbital Tester vum Rakéitenofwiersystem geplangt ass, wäert den Numm Minotaur III kréien. D'Peacekeeper gëtt am Kader vum START-II-Ofrëschtungsvertrag aus dem Déngscht geholl. Dës Versioun ass nach net agesat ginn.
Ënner dem Numm Minotaur IV ass op Basis vun der Peacekeeper-ICBM eng nach méi staark Drorakéit wéi d'Minotaur I entstanen. Minotaur IV ass och véierstufeg, si benotzt déi éischt dräi Stufe vun der Peacekeeper an als véiert Stuf déi drëtt Stuf vun der Pegasus XL. D'Notzlaaschtverkleedung gëtt vun der Taurus-Rakéit iwwerholl. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der Minotaur IV ass 1.750 kg an eng 200 km héich Ëmlafbunn.
Den éischte Start war mat engem suborbitale Fluch den 21. Abrëll 2010 vu Vandenberg aus gemaach ginn, allerdéngs nëmmen an enger dräistufeger Variant mam Numm Minotaur IV-Lite. Den éischte Start an d'Äerdëmlafbunn war de 26. September 2010.
Eng Variant mam Numm Minotaur V mat enger zousätzlecher Uewerstuf fir méi héich Ëmlafbunne gouf de 7. September 2013 mam LADEE-Moundorbiter vun der NASA an en héichellipteschen Äerdorbit gestart, aus deem sech d'Sond mat Hëllef vun hiren eegenen Dreifwierker an ettlechen Äerdëmleef an d'Schwéierfeld vum Mound manövréiert huet.[1]
Startlëscht
[änneren | Quelltext änneren]Déi komplett Startlëscht vun der Minotaur-Rakéit. Stand: 20. November 2013
Laf. Nr. | Datum (UTC) | Typ | Startplaz | Notzlaascht | Aart vun der Notzlaascht | Notzlaascht a kg (brutto¹) | Orbit² | Bemierkunge |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | 27. Januar 2000 | Minotaur I | VAFB SLC-8 | JAWSAT, FalconSat 1, ASUSat, OCS, OPAL, Picosat 1 bis 6 | 11 Amateurfunksatellitten | >220,2 kg | ? | Erfolleg |
2 | 28. Mee 2000 | Minotaur II | VAFB LF-06 | TLV-Demo | Testfluch | ? | Suborbital | Erfolleg |
3 | 19. Juli 2000 | Minotaur I | VAFB SLC-8 | Mightysat-2, MEMS 2A, MEMS 2B | 3 Technologietestsatellitte | 130,4 kg | ? | Erfolleg |
4 | 4. Dezember 2001 | Minotaur II | VAFB LF-06 | IFT-7 Target | Rakéitenofwiertest | ? | Suborbital | Erfolleg |
5 | 13. Mäerz 2002 | Minotaur II | VAFB LF-06 | IFT-8 Target | Rakéitenofwiertest | ? | Suborbital | Erfolleg |
6 | 15. Oktober 2002 | Minotaur II | VAFB LF-06 | IFT-9 Target | Rakéitenofwiertest | ? | Suborbital | Erfolleg |
7 | 11. Dezember 2002 | Minotaur II | VAFB LF-06 | IFT-10 Target | Rakéitenofwiertest | ? | Suborbital | Erfolleg |
8 | 11. Abrëll 2005 | Minotaur I | VAFB SLC-8 | XSS 11 | Technologietestsatellit | 100 kg | ? | Erfolleg |
9 | 23. September 2005 | Minotaur I | VAFB SLC-8 | Streak | Technologietestsatellit | 417 kg | ? | Erfolleg |
10 | 15. Abrëll 2006 | Minotaur I | VAFB SLC-8 | FORMOSAT-3, LCT2 | Konstellatioun aus 6 Äerdobservaiounssatellitten, Rakéitestuf zu der experimenteller Kommunikatioun | >420 kg | ? | Erfolleg |
11 | 16. Dezember 2006 | Minotaur I | WFF LC-0B | Tacsat 2, GeneSat-1 | Technologietestsatellit, CubeSat | 374 kg | ? | Erfolleg |
12 | 21. Mäerz 2007 | Minotaur II | VAFB LF-06 | SBX Target | Rakéitenofwierradartest | ? | Suborbital | Erfolleg |
13 | 14. Abrëll 2007 | Minotaur I | WFF LC-0B | NFIRE | Technologietestsatellit vum Rakéitenofwierprogramm | 494 kg | ? | Erfolleg |
14 | 23. August 2007 | Minotaur II+ | VAFB LF-06 | NFIRE Target | Rakéitenofwiertest | ? | Suborbital | Erfolleg |
15 | 23. September 2008 | Minotaur II+ | VAFB LF-06 | NFIRE Target | Rakéitenofwiertest | ? | Suborbital | Erfolleg |
16 | 19. Mee 2009 | Minotaur I | WFF LC-0B | Tacsat 3, AeroCube-3, PharmaSat-1, HawkSat-I, Polysat-CP6 | Technologietestsatellit, CubeSats | ? | LEO | Erfolleg |
17 | 22. Abrëll 2010 23:00 |
Minotaur IV-Lite | VAFB SLC-8 | HTV-2a | Hypersoneschen (Mach 19) Testfluchkierper | ? | Suborbital | Erfolleg |
18 | 26. September 2010 04:41 |
Minotaur IV | VAFB SLC-8 | SSBS | Weltraumiwwerwaachung | 1031 kg | SSO | Erfolleg |
19 | 20. November 2010 01:25 |
Minotaur IV HAPS, mat Hydrazin Auxiliary Propulsion System (HAPS) fir e méi héijen Orbit ze erreechen | Kodiak LP-1 | STPSat 2, FASTSAT, FASTRAC-1, FASTRAC-2, FalconSat 5, O/OREOS, RAX, NanoSail D2 | Technologietestsatellitten | 180 kg, 140 kg, 15 kg, 15 kg, ?, 5 kg, 3 kg, 4 kg | LEO | Erfolleg |
20 | 6. Februar 2011 12:26 |
Minotaur I | VAFB SLC-8 | NROL-66 | Militäresche Satellit | ? | SSO | Erfolleg |
21 | 30. Juni 2011 03:09 |
Minotaur I | WFF LC-0B | ORS 1 | Opklärungssatellit | ? | ? | Erfolleg |
22 | 11. August 2011 |
Minotaur IV-Lite | VAFB SLC-8 | HTV-2b | Hypersonesche (Mach 19) Testfluchkierper | ? | Suborbital | Erfolleg |
23 | 27. September 2011 15:49 |
Minotaur IV | Kodiak LP-1 | TacSat 4 | Technologietestsatellit | 450 | LEO | Erfolleg |
24 | 7. September 2013 03:27 |
Minotaur V | WFF | LADEE | Moundsond | 383 kg | HEO | Erfolleg
éischte Minotaur-V-Start |
25 | 20. November 2013 01:15 |
Minotaur I | WFF LC-0B | ORS-3 Mission: STPSat 3, ORSES, ORS Tech 1, ORS Tech 2, SENSE 1, SENSE 2, Firefly, Ho‘oponopono 2, STARE B (Horus), Prometheus 1 - 8, Black Night 1, CAPE 2, ChargerSat 1, COPPER, DragonSat 1, KySat 2, NPS-SCAT, PhoneSat 2.4, TJ3Sat, SPA-1 Trailblazer, SwampSat, Vermont Lunar Cubesat | Militäresch Satellitten, Cube-Sats | 400 kg | LEO | Erfolleg |
¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehais asw.)
² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Minotaur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Bernd Leitenberger: D'Minotaur an d'Minotaur IV Drorakéiten
- (en) Orbital Sciences: Minotaur Space Launch Vehicles
- (en) Encyclopedia Astronautica: Minotaur
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ NASA Budgetschätzung (PDF; 649 kB), Säit 20