Op den Inhalt sprangen

Jakobs Ross

Vu Wikipedia
Jakobs Ross
Film
Produktiounsland Schwäiz,
Lëtzebuerg
Première 2024
Dauer 103 min
Ekipp
Produzent Alexander Dumreicher-Ivanceanu,
Bady Minck
Produktiouns-
gesellschaft
Amour Fou Luxembourg
Schauspiller
Luna Wedler,
Luc Feit,
Eugénie Anselin,
Marie Jung
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Jakobs Ross ass en schwäizeresch-lëtzebuergeschen historesche Spillfilm vun der Regisseurin Katalin Gödrös aus dem Joer 2024, no engem Roman vun der Silvia Tschui, mat der Luna Wedler, mam Valentin Postlmayr a mam Max Hubacher an den Haaptrollen. En hat seng Première den 18. Januar 2024 an der däitschsproocheger Schwäiz[1] an zu Lëtzebuerg den 2. Mäerz 2024 um LuxFilmFest.[2]

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

D'Elsie ass eng Mod am Stot vun engem Fabrikant, um Enn vum 19. Joerhonnert. Hatt huet e groussen Don fir Musek a géif gär mat der Duechter vum Haus zu Florenz Musek studéieren. Ma wéi et bis e Kand vu sengem Patron erwaart, zwéngt dësen et, sech mat sengem Päerdskniecht Jakob ze bestueden. De Jakob huet näischt iwreg fir dem Elsie säi Verlaangere no Musek, an huet säin eegenen Dram: sech enges Daags selwer kënnen e Päerd ze kafen ...

Jakobs Ross gouf mat der Ënnerstëtzung vum Film Fund Luxembourg, dem Bundesamt für Kultur, der Zürcher Filmstiftung, dem Kanton St. Gallen, Suissimage an der Ticino Filmcommission gedréint.[3]

De Film gouf zu Bergell an am Tessin gedréint.[4] D'Studioopname sinn am Hierscht 2022 am Filmland zu Kielen entstanen.[5]

D'Kriticke sinn an der Majoritéit positiv, woubäi besonnesch déi schauspilleresch Leeschtung vun der Haaptactrice Luna Wedler ervirgehuewe gëtt:

  • D'Irene Genhart vum Schwäizer Kinoportal Cineman schreift[6]:

Katalin Gödros hat Silvia Tschuis historischen Debütroman als fulminant herbes Beziehungs- und Emanzipationsdrama verfilmt. Ihr Film punktet mit aufwändigen Kostümen, sensationeller Kamera, tollen Hauptdarstellern und Liedern, die, von Luna Wedler gesungen, direkt ins Herz gehen.

  • De Michael Sennhauser vum SRF fënnt:[7]

Der Film steht als beeindruckend realistische Interpretation des Buchs auf eigenen Füssen. Das singende, strahlende, dem Leid und der Härte trotzende Herz dieses Films ist Luna Wedlers Elsie.»

  • d'Filmkritikerin Madeleine Hirsiger schreift[8]

Mit ungeheurer Wucht erzählt und voller unbändiger Lebenskraft und Musik. Es ist ein Drama erster Güte, (das) fasziniert und Parallelen zur heutigen Welt aufzeigt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Jakobs Ross. swissfilms.ch, nogekuckt: 21.12.2023.
  2. "Damals wie heute: Menschen streben nach Selbstverwirklichung." wort.lu, 03.03.2024.
  3. "JAKOBSROSS" der neue Kinofilm von Katalin Gödrös. turnusfilm.com, 13.10.2022.
  4. Filming underway on the feature film JAKOBS ROSS produced by the Zurich-based Turnus Film and based on the novel of the same name by Silvia Tschui. (nogekuckt: 21.12.2023).
  5. Nora Schloesser: "Ein Luxemburger Filmdreh zwischen Zwängen und Sehnsüchten." wort.lu, 30.10.2022.
  6. Filmkritik Jakobs Ross. cineman.ch, nogekuckt:18.01.2024.
  7. Neu im Kino - «Jakobs Ross»: Zwangsehe mit einem Hauch Selbstbestimmung. srf, 17.01.2024.
  8. AKOBS ROSS - Rezension Madeleine Hirsiger. arttv.ch, nogekuckt: 18.01.2024.