Op den Inhalt sprangen

Jacques Leurs

Vu Wikipedia
Jacques Leurs
Gebuer 31. Januar 1910
Ilambi
Gestuerwen 24. November 1968
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Eisebunner, Gewerkschaftler

De Jacques Charles ("Jeek") Leurs, gebuer den 31. Januar 1910 zu Ilambi (du Belsche Kongo) a gestuerwen de 24. November 1968[1][2], war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP), Eisebunner a Gewerkschaftler. Hie war och bekannt dofir, deen éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf gewiescht ze sinn.[3]

Seng Eltere waren de Charles Leurs, deen am Kongo bei der Compagnie du Lomamie, enger Kautschuksfabréck, geschafft huet, an eng kongoleesesch Fra, d'Tchaussi. Wéi de Jacques zwee Joer hat, huet säi Papp hien op Lëtzebuerg bruecht, wou e vun do u bei de Grousselteren am Pafendall opgewuess ass.

Hie gouf 1947 Éischte Sekretär vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Eisebunn, a war am Landesverband (Tresorier) an an der Confédération internationale des syndicats libres aktiv. An der leschtgenannter huet hie sech agesat, d'Gewerkschaftsbeweegungen an Afrika virunzebréngen.

Ausserdeem war hie Member vum Stater Gemengerot a Generalsekretär vum Comité olympique et sportif luxembourgeois.

Hien ass kuerz virun de Chamberwale vun 1968, fir déi e Kandidat war, un de Suitte vun Diabeetes gestuerwen.

De Jacques Leurs war mat der Léonie Reinert bestuet.

Fir un hien z'erënnere gouf et an den 1970er Joren e Challenge Jacques Leurs am Kanufueren.[4]

  • Fränz Hausemer: „Des lettres et un bébé noir.“ an: forum 381, Februar 2018, S. 50-54.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Budgetdebatten im Stadtrat Luxemburg; Gedenken für Rat Jacques Leurs." In: Luxemburger Wort, 121. Jg., n° 331 (26.11.1968), S. 3. Digitalisiéert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 28. November 1968
  3. Quell, wou net anrescht uginn: Hausemer (2018) an der Literatur.
  4. "Kanu: Überreichung des Challenge Jacques Leurs." In: Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 289 (18.12.1974), S. 23. Digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.