Op den Inhalt sprangen

Eurogrupp

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Paschal Donohoe, President vum Eurogrupp

Den Eurogrupp bezeechent d'informell Reunioun vun de Finanzministere vun der Eurozon, déi politesch Decisiounen, déi den Euro betreffen, sollen ofschwätzen. De Jean-Claude Juncker war vum 1. Januar 2005 bis den 20. Januar 2013 den éischte President vun dësem Grupp. Säi Mandat, dat ufanks op 2 Joer festgeluecht gi war, war am Ganze véiermol verlängert ginn. Aktuelle President ass, zanter Juli 2020, de Paschal Donohoe.

Éier den Traité vu Lissabon den 1. Dezember 2009 a Kraaft getruede war, war den Euro-Grupp just en informelle Grupp ouni juristesch Basis. Am Protokoll 14 vum Traité vu Lissabon steet iwwer den Eurogrupp:

Artikel 1: D'Ministere vun deene Memberstaaten, deenen hir Wärung den Euro ass, kommen informell zesummen. Sou Reunioune ginn ofgehalen, wann et néideg ass, fir Froen zu de spezifesche Responsabilitéiten ze diskutéieren, déi se zesummen am Bezuch op hir gemeinsam Wärung hunn. D'[Europäesch] Kommissioun ass bei deene Reunioune mat derbäi. D'Europäesch Zentralbank gëtt invitéiert, un deene Reuniounen deelzehuelen, déi preparéiert gi vun de Vertrieder vun de Ministeren aus deene Länner, déi den Euro als Wärung hunn, an déi fir d'Finanzen zoustänneg sinn.


Artikel 2: D'Ministere vun de Memberstaaten, deenen hir Wärung den Euro ass, wielen e President fir zwee an en halleft Joer mat der Majoritéit vun deene Memberstaaten.[1]

Ausserdeem goufen am neien Traité d'Reegele vum Conseil vun der EU geännert, datt wann den Ecofin-Conseil iwwer Saachen ofstëmmt, déi d'Eurozon betreffen, just déi Länner, déi den Euro hunn (d. h. d'Eurogrupp-Länner), doriwwer ofstëmmen däerfen.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Iwwersat vun: PROTOCOLS Protocol 14 of the Consolidated Treaties of the European Union (as amended by the Treaty of Lisbon), Official Journal of the European Union C (2008) 115, S. 201-328.
  2. Treaty of Lisbon (Provisions specific to member states whose currency is the euro), op EurLex.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.