Deneb (Stär)
Ausgesinn
Den Deneb oder α Cygni ass den hellste Stär am Stärebild Schwan. Den Deneb ass e ganz waarmen Iwwerris deen zu de bloe Rise gehéiert. Hie bilt zesumme mat der Vega an dem Altair dat bekannt Summerdräieck. D'Distanz vum Deneb op eis Sonn léisst sech ganz schwéier bestëmmen, well bei wäiten Objeten d'Moossfeeler scho groussen Afloss op d'Resultat hunn. Bei geneeë Miessungen mam Satellit Hipparcos gouf eng Parallax vun nëmmen 1,01 Millibousekonnen ermëttelt, wat enger Distanz vun zirka 3200 Liichtjoer entsprécht. Dem Deneb seng Stralungsenergie ass ronn 1,2 × 1032W an ass domat ronn 300.000-mol méi staark wéi eis Sonn.
Den Numm Deneb, kënnt aus dem arabeschen a bedeit „Schwanz“.
Bezeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Aner Nimm: Deneb, Deneb el Adige, Arided, Aridif, Gallina, Arrioph.
- Bayer-Bezeechnung: α Cygni
- Flamsteed-Bezeechnung: 50 Cygni
- Harvard Revised Photometry: HR 7924
- Henry-Draper-Katalog: HD 197345
- Katalog vum Smithsonian Astrophysical Observatory: SAO 49941
- Bonner Duerchmusterung: BD +44°3541
- Fifth Fundamental Catalogue: FK5 777
- Katalog vum Hipparcos: 102098
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Deneb – Biller, Videoen oder Audiodateien |