Op den Inhalt sprangen

Gemeng Steesel

Vu Wikipedia
Gemeng Steesel
d'Märei vu Steesel (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Steinsel
de: Steinsel
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Lëtzebuerg
Chef-lieu Steesel
Buergermeeschter Fernand Marchetti (LSAP)
Awunner 5.677
  1. Januar 2024
Fläch 2.181 ha
Héicht 243 m
Koordinaten 49° 40’ 35’’ N
      06° 07’ 25’’ O
LAU-Code LU0308
Websäit http://www.steinsel.lu/
D'Steeseler Kierch

D'Gemeng Steesel ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Steesel vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Steesel läit nërdlech vu Walfer am Uelzechtdall. Et ass déi nërdlechst Gemeng am Kanton Lëtzebuerg. Steesel gëtt duerch d'Uelzecht an zwéin Deeler getrennt: westlech vun der Uelzecht leie Steesel a Mëlleref, ëstlech dovu läit Heeschdref.

D'Gemeng Steesel war fréier méi grouss. Duerch e Gesetz vum 25. November 1850[1] ass aus Deeler vun der Gemeng Steesel d'Gemeng Walfer geschaaft ginn. E Gesetz vum 22. Februar 1853[2] huet weider Deeler vu Steesel ofgetrennt fir d'Gemeng Koplescht ze schafen.

Um Steeseler Bierg op Roellent goufen Iwwerreschter vun enger réimescher Siidlung fonnt, déi op eng laang Geschicht hiweisen. Des Weidere goufen 1854 beim Bau vun der Steeseler Kierch Iwwerreschter vun Therme fonnt.

Op der haiteger Fläch vun der Gemeng stoungen zwou Millen, d'Bintzemillen an d'Werdelsmillen, aus deenen no an no déi zwou Uertschafte Mëlleref, respektiv Steesel, entstane sinn.

D'Heeschdrëffer Wuerzele féieren op d'Heeschdrëffer Schlass zeréck, dat an der Vergaangenheet eng Buerg war, an haut vu Schwësteren a vun der Fondatioun Tricentenaire bewunnt gëtt.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Beschreiwung am Originaltext:

coupé d'argent à une porte de ville ouverte à trois tours de gueules, l'ouverture de la porte chargée d'une anille de sable, et de gueules à trois lions d'argent posés 2 et 1
D.C. 6. Juni 1983 - A.M. 15. Juli 1983 - Mémorial B 1983, Säit 960 - Projet: 1983 Marcel Lenertz

De Gemengerot vu Steesel gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Als Resultat vun de Gemengewale vun 2011, wéi och vun 2017, stäipt sech de Schäfferot op eng LSAP-CSV-Koalitioun.[3]

Buergermeeschter ass de Fernand Marchetti (LSAP) .

Bei de Gemengewalen 2023 ass et fir d'LSAP bei de 5 Sëtz am Gemengerot bliwwen, iwwerdeems d'CSV ee Sëtz verluer huet. Doropshin koum et zu enger LSAP-DP Koalitioun[4].

Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP LSAP déi gréng
1999 2 2 7 -
2005 2 3 6 -
2011 2 2 7 -
2017 2 4 5 -
2023 1 4 5 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Zu Steesel ass ee Supermarché, de Pall Center an an der lokaler Industriezon sinn iwwer 30 Firmaen. Des Weideren hat d'Creos zu Heeschdref ee vun hire Dispatching-Zentren.

Landwirtschaft

[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft huet zu Steesel nom Zweete Weltkrich e groussen Opschwonk gehat. Steesel ass fir seng Äerdbieren, Uebst a Gromperenzuucht bekannt. Steeseler Grompere gi vu Luxpatates am ganze Land verkaaft.

Um Steeseler Bierg si grouss Bongerten, déi Privatleit a Butteker mat Äppel a Biere beliwweren. Och Landschaftsgäertnereien, wéi d'Bamschoul Becker zu Mëlleref, d'Pépinières Kintzlé zu Heeschdref a Blummegäertner, wéi Fleurs Wüst hunn zu Steesel eng laang Traditioun.
Zu Steesel gëtt et nach e puer Bauerebetriber.

Liewen an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Steesel huet laanscht der Uelzecht een Noerhoulungsgebitt geschaf, dat nach soll ausgebaut ginn. Am Zentrum vum Projet ass d'Renaturéierung vun der Uelzecht.

Des Weidere solle Spillplazen opgeriicht ginn, an e Vëloswee ugeluecht ginn[Wéini ?], dee Walfer mat Heeschdref verbënnt. D'Gemeng Steesel huet mat de Gemenge Walfer a Luerenzweiler eng interkommunal Schwämm, d'Pidal geschaf.

D'Musek L'Echo de l'Alzette de la Commune de Steinsel ass 2002 aus dem Zesummeschloss vun der Steeseler an der Heeschdrëffer Musek entstanen. Och de Sport gëtt an der Gemeng grouss geschriwwen, an do si virun allem en ettlech Basketstitele vun der BBC Amicale Steesel ervirzehiewen.

D'Lëtzebuerger Strooss, d'N7, Haaptverkéiersachs tëscht der Stad Lëtzebuerg a Miersch, féiert duerch Heeschdref. D'Gemeng Steesel huet och eng Gare, d'Heeschdrëffer Gare. Se läit op der Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck. E puer RGTR- an AVL-Buslinne verbannen d'Gemeng Steesel mat der Stad Lëtzebuerg.

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Steesel ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

PIDAL - SEC - SICEC - SIDOR - SIDERO - SIGI - SYVICOL

Bekannt Persounen

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Michel Schmitt: Die Pfarrkirche von Steinsel in ihrem zeitgenössischen Entstehungskontext Steinsel: Administration communale, 2005. - 24 p.: ill. ; 21 cm
  • La commune de Steinsel en images: son développement récent, Steinsel: Commune, 2005 - 36 p.: ill. ; 21 x 30 cm
Commons: Steesel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 25 novembre 1850 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Walferdange. legilux.public.lu (11.12.1850). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  2. Loi du 22 février 1853 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Kopstal. legilux.public.lu (23.03.1853). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  3. "Koalitioun LSAP/CSV steet, Klein bleift Buergermeeschter." rtl.lu, 11.10.2017, 12:04:19.
  4. (de)In diesen Gemeinden stehen die Schöffenräte bereits fest. luxemburger-wort-online. wort.lu (20.06.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  5. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  6. Assermentation du nouveau bourgmestre et d'un nouvel échevin de la commune de Steinsel. mint.gouvernement.lu (03.01.2022). Gekuckt de(n) 01.03.2022.
  7. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.