Bibliothéik
Ausgesinn
Eng Bibliothéik ass eng Plaz, wou Bicher (oder allgemeng Drocksaache) versuergt ginn.
Den Ausdrock bezitt sech souwuel op d'Miwwelstéck an deem, op Regaler, Bicher opgestallt ginn, wéi och op d'Sammlung vu Bicher, sief et vun enger eenzeler Persoun, sief et vun enger Institutioun.
Am Fall vun enger Institutioun schwätzt een, wann de Public Bicher sur place liesen oder ausléine kann, vun enger "ëffentlecher Bibliothéik".
Eng speziell Roll spillen déi sougenannt "Nationalbibliothéiken": Si sammelen a repertoriéieren all Drocksaachen, déi an engem bestëmmte Land publizéiert ginn. Zu Lëtzebuerg erfëllt d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik dës Roll.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Bibliothéiken zu Lëtzebuerg
- Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesche Bibliothekären-, Archivisten- an Dokumentalisteveräin (ALBAD)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bibliothéiken – Biller, Videoen oder Audiodateien |