Belsch Euromënzen
Déi national Säite vun de belschen Euromënzen:
Éischt Serie (1999-2007)
[änneren | Quelltext änneren]All aacht Mënzen hunn de selwechte Sujet: De Kinnek Albert II. a säi kinnekleche Monogramm, ronderëm sinn déi 12 Stäre vun der EU an d'Joer, wou se geklappt goufen. Den Design ass vum Jan Alfons Keustermans.
-
1 Cent
-
2 Cent
-
5 Cent
-
10 Cent
-
20 Cent
-
50 Cent
-
1 Euro
-
2 Euro
-
Gravure laanscht de Bord (2€)
Zweet Serie (2008)
[änneren | Quelltext änneren]Déi Serie, déi vun 2008 un erauskoum, ënnerscheet sech just an Detailer vun där éischter: De Portrait vum Kinnek Albert ass liicht adaptéiert ginn, nei waren d'Buschtawe "BE" (fir d'Land) riets dovun, an och Monogramm an d'Joreszuel sinn elo am banenzegsten Deel vun der Mënz.
Drëtt Serie (2008-2013)
[änneren | Quelltext änneren]Fir déi drëtt Serie gouf de Porträt vu Kinnek Albert II. nach eng kéier geännert.
Véiert Serie (zanter 2014)
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2013 ass de Philippe Kinnek, dorophi goufen d'Euromënzen dunn geännert.
-
1 Cent
-
2 Cent
-
5 Cent
-
10 Cent
-
20 Cent
-
50 Cent
-
1 Euro
-
2 Euro
-
Gravure laanscht de Bord (2€)
2-Euro-Gedenkmënzen
[änneren | Quelltext änneren]2005
[änneren | Quelltext änneren]De 25. Mee 2005 koum an enger Oplo vu 6 Mio. Stéck déi éischt 2-Euro-Gedenkmënz erausginn. Dorop ze gesinn sinn den Albert II. an de Grand-Duc Henri fir un d'Belsch-lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun z'erënneren.
2006
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Enn vun der Renovatioun vum Atomium ze zelebréieren, ass am Abrëll 2006, an enger Oplo vu 5 Mio. Exemplairen eng Extramënz erauskomm.
2007
[änneren | Quelltext änneren]Wéi déi aner Memberstaate vun der Eurozon och, huet d'Belsch eng Mënze zum 50. Anniversaire vun de Réimeschen Traitéen, de 25. Mäerz 2007, erausginn. D'Iwwerschrëft ass op Latäin: PACTVM ROMANVM QVINQVAGENARIVM, Den Numm vum Land ass an allen 3 offizielle Sprooche vun der Belsch, nämlech op Däitsch, Franséisch an Hollännesch.
2008
[änneren | Quelltext änneren]Wéi 3 aner Länner och gedenkt d'Belsch dem 60. Joresdag vun der Universaler Deklaratioun vun de Mënscherechter.
2009
[änneren | Quelltext änneren]D'Belsch gëtt 2 Gedenkmënzen eraus: Mat deenen anere 15 Eurolänner eng fir den 10. Anniversaire vun der europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun, an eng zum 200. Gebuertsdag vum Louis Braille.
2010
[änneren | Quelltext änneren]2010 huet d'Belsch am 2. Semester d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun, dat dann och de Sujet vun der Gedenkmënz vun deem Joer ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Belsch Euromënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |