Boris Vian
Boris Vian | |
---|---|
Gebuertsnumm | Boris Paul Vian |
Pseudonym | Bison Ravi, Andy Blackshick, Xavier Clarke, S. Culape, Aimé Damour, Michel Delaroche, Joëlle Du Beausset, Gérard Dunoyer, Jules Dupont, Bison Duravi, Fanaton, Hugo Hachebuisson, Zéphirin Hanvélo, Onuphre Hirondelle, Amélie de Labmineuse, Odile Legrillon, Otto Link, Thomas Quan, Eugène Minoux, Gédéon Molle, Josèfe Pignerole, Adolphe Schmürz, Vernon Sullivan, Lydio Sincrazi, Anna Tof, Anna Tof de Raspail, Claude Varnier, Boriso Viana |
Gebuer |
10. Mäerz 1920 Ville-d'Avray |
Gestuerwen |
23. Juni 1959 7. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Condorcet |
Aktivitéit | Dichter, Trompettist, Moler, Iwwersetzer, Ingenieur, Librettist, Dramatiker, Liddermécher, Dréibuchauteur, Jazzmuseker, Literaturkritiker, Musekskritiker, Prosaist, Schrëftsteller, Sänger, Schauspiller, Museker, Journalist |
Famill | |
Bestuet mat | Michelle Vian, Ursula Kübler |
Liewenspartner(in) | Hildegard Knef |
Geschwëster | Alain Vian |
Kanner | Patrick Vian, Carole Vian |
De Boris Paul Vian, gebuer den 10. Mäerz 1920 zu Ville-d'Avray, a gestuerwen den 23. Juni 1959 bei Paräis, war e franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Dichter, Chansonnier an Jazztrompettist. Hien huet och ënner dem Pseudonym Vernon Sullivan publizéiert.
Hien ass den Auteur vun 11 Romaner, 4 Gedichtersammlungen, e puer Theaterstécker, Dréibicher, enger 400 Chansonen (mat dat bekanntst: Le déserteur), asw. Ë. a. huet hien och dem Raymond Chandler säi Wierk op Franséisch iwwersat.
Seng Lidder goufen ë. a. vum Serge Reggiani, Juliette Gréco, Nana Mouskouri, Yves Montand, Magali Noel an Henri Salvador gesongen. De Serge Gainsbourg sot, de Vian hätt him den Ustouss ginn, selwer Lidder ze schreiwen.
Hien huet och fir Zäitschrëften iwwer Jazz (Jazz Hot, Paris Jazz) geschriwwen a Kontakter zu amerikaneschen Jazzmuseker wéi dem Duke Ellingtion oder dem Miles Davis geknëppt, wéi déi zu Paräis opgetruede sinn.
Hie war mat der Schauspillerin Ursula Kübler bestuet.
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Als Boris Vian
[änneren | Quelltext änneren]- Trouble dans les Andains (1947, posthum 1966 publizéiert)
- Vercoquin et le plancton (1947)
- L'Écume des Jours (1947)
- L'automne a Pekin (1947)
- Les Fourmis (1949, Kuerzgeschichten)
- L'Herbe rouge (1950)
- L'Arrache-coeur (1953)
- Le loup garou (posthum 1970 publizéiert, Kuerzgeschichten)
Als Vernon Sullivan
[änneren | Quelltext änneren]- J'irai cracher sur vos tombes (1946)
- Les morts ont tous la même peau (1947)
- Et on tuera tous les affreux (1948)
- Elles se rendent pas compte (1949)
De Boris Vian an de Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Dréibuchauteur
[änneren | Quelltext änneren]- 1952: Saint-Tropez, devoir de vacances, vum Paul Paviot (Kuerzfilm)
- 1958: La Joconde: Histoire d'une obsession, vum Henri Gruel (Kuerzfilm)
- 1959: J'irai cracher sur vos tombes vum Michel Gast
als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1948: Aller et retour, vum Alexandre Astruc mam Danièle Delorme a Juliette Gréco (Kuerzfilm)
- 1949: Désordre, vum Jacques Baratier (Kuerzfilm)
- 1950: The Unthinking Lobster, vum Orson Welles (Kuerzfilm)
- 1952: Saint-Tropez, devoir de vacances, vum Paul Paviot (Kuerzfilm)
- 1952: La chasse à l'homme, vum Pierre Kast mam Gérard Landry a Geneviève Page
- 1956: Notre-Dame de Paris vum Jean Delannoy mam Anthony Quinn an Gina Lollobrigida
- 1957: Amour de poche vum Pierre Kast mam Jean Marais a Geneviève Page
- 1958: La Joconde: Histoire d'une obsession, vum Henri Gruel (Kuerzfilm)
- 1959: Les liaisons dangereuses vum Roger Vadim mam Jeanne Moreau, Gérard Philipe an Annette Vadim
- 1960: Le bel âge vum Pierre Kast mam Loleh Bellon an Ursula Kübler
Filmer no Bicher vum Vian
[änneren | Quelltext änneren]- 1968: L'écume des jours, vum Charles Belmont mam Jacques Perrin, Marie-France Pisier, Sami Frey an Alexandra Stewart
- 2013: L'écume des jours, vum Michel Gondry mam Romain Duris, Audrey Tautou, Gad Elmaleh an Omar Sy
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Boris Vian – Biller, Videoen oder Audiodateien |