Arrondissement Château-Salins
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Kantonen | 5 | ||||
Gemengen | 128 | ||||
Ënnerprefecture | Château-Salins | ||||
Fläch | 974 km² | ||||
Bevëlkerung | 29 932 Aw.(2009) | ||||
Dicht | 28,2 Aw. / km² |
Den Arrondissement Château-Salins ass eng fréier franséisch administrativ Andeelung am Museldepartement an der Regioun Grand Est.
Den Haaptuert war Château-Salins.
De ganzen Arrondissement ass eng ländlech Géigend ouni nenneswäert grouss Stied. Déi gréisst Gemeng Dieuze huet knapps 3.500 Awunner. Historesch intressant am Arrondissement ass Vic-sur-Seille mat dem Hôtel de la monnaie.
Op ville Plazen am Arrondissement gouf Salz aus dem Buedem geholl, meeschtens mat engem Pompelsystem.
Kantonen am Arrondissement
[änneren | Quelltext änneren]Den Arrondissement huet 5 Kantonen:
- Canton d'Albestroff
- Canton de Château-Salins
- Canton de Delme
- Canton de Dieuze
- Canton de Vic-sur-Seille
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Virun 1871 huet d'Arrondissement zum Departement Meurthe gehéiert. Nom Frankfurter Vertrag gëtt e groussen Deel vum Arrondissement däitsch, just d'Gemenge vum Kanton Vic-sur-Seille blouwe franséisch, a koume bei den Arrondissement Lunéville an der Meurthe-et-Moselle. Nom Éischte Weltkrich gëtt den Arrondissement en Deel vum Museldepartement.
Den 1. Januar 2015, goufen d'Arrondissementer Sarrebourg a Château-Salins jumeléiert, fir den 1. Januar 2016 definitiv zesummegeprafft ze ginn.[1].
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle