Cerro Paranal
Ausgesinn
Cerro Paranal | |
---|---|
Agentur | Europäesche Südobservatoire |
Standplaz vun der Ariichtung | Atacamawüst, Chile |
Art vu Fuerschung | Astronomie |
Héicht | 2635 m |
Koordinaten | 24° 37’ 33’’ S 70° 24’ 11’’ W |
Den Cerro Paranal ass e Bierg am Norde vum Chile, an der Atacamawüst. De Bierg läit ronn 120 km südlech vun Antofagasta an 12 km vun der Küst ewech. Hie logéiert de Paranal-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire.
D'Atmosphär iwwer dem Bierg zeechent sech duerch eng dréchen an aussergewéinlech roueg Loftstréimung aus, wat de Bierg zu enger attraktiver Plaz fir en astronomeschen Observatoire mécht. D'Spëtzt gouf an de fréiere 1990er Jore vun 2660 m op 2635 m erofgesprengt, fir e Plateau ze schafen, wou een d'Teleskopen opriichte konnt.
D'Plaz krut mat engem Seeing vun 0,18 Bousekonnen de beschte jeemools gemoossene Wäert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) http://www.eso.org/paranal/site/paranal.html – Datentabellen zu den Observatiounsbedingungen, Geographie, Klima a Seismik (2004)
- (en) https://web.archive.org/web/20080706022905/http://www.eso.org/outreach/press-rel/pr-2000/phot-36-00.html – Pressematdeelung vun der ESO zu der Geschicht vum Paranal (2000)