2017
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2013 |
2014 |
2015 |
2016 |
2017
| 2018
| 2019
| 2020
| 2021
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2017.
D'Joer 2017 huet op engem Sonndeg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Den António Guterres gëtt neie Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : No de Parlamentswalen, den 11. Dezember zejoert, gëtt de 4. JanuarSorin Grindeanu neie Premierminister a Rumänien.
- 11. Januar: Als Resultat vun de virgezunne Parlamentswale vum viregten 29. Oktober gëtt de Bjarni Benediktsson neie Premierminister an Island.
- 12. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum neien däitsche Bundespresident gewielt, den 19. Mäerz trëtt hie säin Amt un.
- 15. Mäerz: Déi liberal Partei gewënnt fir d'drëtt hannereneen d'Parlamentswalen an Holland, wou ewell 13 Parteien an der Zweeter Kummer vertruede sinn.
- 2. Abrëll: Den Aleksandar Vučić, bis dohi Premierminister, gewënnt d'Presidentewalen a Serbien.
- 7. Mee: Den Emmanuel Macron (En marche !) gewënnt am zweeten Tour, mat 66 % zu 33 % géint d'Marine Le Pen (Front national), d'Presidentschaftswalen a Frankräich. Hien trëtt seng Funktioun de 14. Mee un.
- 15. Mee: Den Édouard Philippe gëtt neie Premierminister a Frankräich.
- 31. Mee: De Zoran Zaev gëtt neie Minsiterpresident vun der Republik Mazedonien.
- : Bei virgezunnene Parlamentswalen a 3. JuniMalta gewënnt dem Premierminister Joseph Muscat seng Labour Party d'Majoritéit vun de Sëtz.
- : D' 5. JuniRepublik Mazedonien gëtt deen 29. NATO-Memberstaat.
- : Déi vun der Premierministesch 8. JuniTheresa May virgezunne Parlamentswalen am Vereenegte Kinnekräich féieren zu engem Verloscht vun der absolutter Majoritéit vun de Sëtz bei hirer Conservative Party. D'May gëtt de 26. Juni nei Regierungscheffin an enger Koalitioun mat der Nordirescher DUP.
- 11. an 18. Juni: Wale fir déi franséisch Nationalversammlung. La République en Marche kritt d'absolut Majoritéit vun de Sëtz; iwwer d'Hallschecht vun den ageschriwwene Wieler sinn net wiele gaangen.
- 14. Juni: De Leo Varadkar gëtt neie Premierminister (Taoiseach) an Irland.
- 18./ 25. Juni: D'sozialistesch Partei gewënnt d'Parlamentswalen an Albanien mat absolutter Majoritéit.
- 19. Juni: Praktesch ee Joer nom Referendum bei deem d'Majoritéit vun de brittesche Wieler fir den Austrëtt aus der EU gestëmmt hunn, kënnt et zu der éischter Verhandlungsronn tëscht dem EU-Chefnegociateur Michel Barnier an dem brittesche Brexit-Minister David Davis.
- 25. Juni: Den Edi Rama gëtt op en Neits Premierminister vun Albanien.
- 29. Juni: De Mihai Tudose gëtt zum neie Premierminister a Rumänie gewielt.
- 29. Juni: D'Ana Brnabić gëtt nei Premierministesch a Serbien.
- : De 9. SeptemberRamush Haradinaj gëtt neie Ministerpresident am Kosovo.
- 11. September: Parlamentswalen an Norwegen.
- 24. September: Bei de Wale fir den Däitsche Bundestag gëtt d'CDU/CSU trotz staarke Verloschter mat knapps 33 % déi stäerkst Partei; d'SPD, déi och eng jett Sëtz verluer huet, kënnt op 20,5 %; d'AfD gëtt mat 12,6 % drëttstäerkst Partei, dono kommen d'FDP (10,7 %), Die Linke (9,2 %) a Bündnis 90/Die Grünen (8,9 %), déi all Stëmme gewonn hunn.
- 13. November: De Borut Pahor gëtt zum President vu Slowenien erëmgewielt..
- 30. November: Als Resultat vun de fréizäitegen Neiwalen an Island, den 28. Oktober, gëtt d'Katrín Jakobsdóttir nei Premierministesch.
- 11. Dezember: De Mateusz Morawiecki gëtt neie polnesche Ministerpresident.
- 13. Dezember an Tschechien gëtt, no de Parlamentswale vum 20./21. Oktober, de Geschäftsmann Andrej Babiš als neie Premierminister vereedegt.
- 18. Dezember: An Éisträich gëtt, als Resultat vun de Parlamentswale vum 15. Oktober, de Sebastian Kurz (ÖVP), un der Spëtzt vun enger Koalitiounsregierung mat der FPÖ, zum neie Bundeskanzler vereedegt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : No 202 Joer gëtt de 1. JanuarMémorial net méi gedréckt a kënnt ewell just nach online eraus.
- 14. Februar: Zuchaccident zu Diddeleng tëscht engem Passagéier- an engem Gidderzuch mat engem Doudegen.
- : E Gesetz trëtt a Kraaft, dat dem 2. AugustSpace Mining e legale Kader gëtt.
- : 8. OktoberGemengewalen an den 105 Gemenge vum Land.
- 10. Dezember: D'Tramslinn 1 vum neie Stater Tram, de Funiculaire Pafendall-Kierchbierg, d'Gare Kierchbierg-Pafendall an d'Gare Houwald ginn a Betrib geholl.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- : De 8. FebruarMohamed Abdullahi Mohamed gëtt zum Staatspresident vu Somalia gewielt.
- 17. Mäerz: De Saâdeddine El Othmani gëtt zum neie Regierungschef a Marokko ernannt.
- : De 4. AugustPaul Kagame gëtt als President vu Ruanda erëmgewielt.
- : Den 9. AugustUhuru Kenyatta gëtt als President vum Kenia erëmgewielt; d'Wal gëtt den 1. September vum Ieweschte Geriicht annuléiert.
- 15. August: Den Ahmed Ouyahia gëtt neie Premierminister an Algerien.
- 19. November: De Robert Mugabe gëtt als President vum Zimbabwe ofgesat, den Emmerson Mnangagwa gëtt de 24. November säin Nofollger.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Nordamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: Den Donald Trump gëtt als 45. President vun den USA vereedegt.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- : De 7. FebruarJovenel Moïse gëtt neie President vun Haiti.
- 2. Abrëll: De Lenín Moreno gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen an Ecuador; hie gëtt de 24. Mee vereedegt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Februar: De Gurbanguly Berdimuhamedow gëtt mat 98 % vun de Stëmmen zum President vun Turkmenistan erëmgewielt.
- : De 9. MeeMoon Jae-in gëtt zum neie President vu Südkorea gewielt, nodeems seng Virgängerin Park Geun-hye den 10. Mäerz vun hirem Amt suspendéiert gouf.
- 19. Mee: Den Hassan Rohani gëtt bei de Presidentewalen am Iran erëmgewielt.
- 10. Juli: De Khaltmaagiin Battulga gëtt neie President vun der Mongolei
- 20. Juli: De Ram Nath Kovind gëtt zum 14. Staatspresident vun Indie gewielt.
- 14. September: D'Halimah Yacob gëtt nei Staatspresidentin vu Singapur
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Oktober: Als Folleg vun de Parlamentswalen an Neiséiland vum 23. September gëtt d'Jacinda Ardern als nei Premierministesch vereedegt.
Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]Konscht & Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Aarhus a Paphos sinn Europäesch Kulturhaaptstad 2017.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- De Georges Hausemer kritt de Batty-Weber-Präis 2017.
- D'Nora Wagener kritt de Servais-Präis fir hiert Buch Larven
- D'Anja Di Bartolomeo gewënnt fir hire Reccueil Chamäleons den 1. Präis vum nationale Literaturconcours 2017.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Januar: D'Elbphilharmonie zu Hamburg geet op.
- De Salvador Sobral gewënnt den Eurovision Song Contest 2017 zu Kiew.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Elle vum Paul Verhoeven gewënnt de César fir de beschte Film.
- Moonlight gewënnt den Oscar fir de beschte Film.
- The Square vum Ruben Östlund gewënnt d'Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Première vun: Rusty Boys (25.1.), Barrage (19.7.), Gutland (8.9.), Sixty8 (27.9.),...
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1. September: De katareschen Investmentfong Precision Capital kënnegt un, seng 90 %-Bedeelegung un der BIL fir annerhallef Milliard Euro der chineesescher Legend Holdings ze verkafen.
Wëssenschaft & Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Abrëll: D'Sond Cassini flitt duerch d'Réng vum Saturn fir dës vun no s'ënnersichen. De 15. September desintegréiert se sech um Enn vun hirer Missioun vun iwwer 20 Joer.
- 19. Oktober: Den éischten interstellaren Asteroid mam Numm 1I/ʻOumuamua gëtt entdeckt.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 28./29. Januar: Cyclocross-Weltmeeschterschaft 2017 zu Bieles.
- 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 1:3 géint Frankräich, den Aurélien Joachim huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.[1]
- 28. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Hesper an engem Frëndschaftsmatch 0:2 géint de Cap Vert.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 2:1 géint Albanien. Den 4. JuniDavid Turpel an de Kevin Malget hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Rotterdam, an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018, 0:5 géint Holland. 9. Juni[4],[5]
- 23. Juli: De Britt Chris Froome gewënnt fir d'véiert Kéier den Tour de France.
- 31. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018, 1:0 géint Wäissrussland. Den Daniel da Mota huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu 3. SeptemberToulouse an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018, 0:0 géint Frankräich.[7]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 7. OktoberStockholm, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018, 0:8 géint Schweden.[8]
- 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018, 1:1 géint Bulgarien. Den Olivier Thill huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.[9]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 2:1 géint Ungarn. Den 9. NovemberAurélien Joachim an de Marvin Martins da Graça hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.[10]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 4. JanuarGeorges Prêtre, franséischen Dirigent.
- : 5. JanuarKlaus Wildbolz, Schwäizer Schauspiller.
- : 7. JanuarMário Soares, portugisesche Politiker.
- : 8. JanuarRuth Perry, liberianesch Politikerin.
- Akbar Haschemi Rafsandschani, Staatspresident vum Iran. 8. Januar:
- Peter Sarstedt, brittesche Sänger a Songwriter. 8. Januar:
- 10. Januar: Roman Herzog, däitsche Bundespresident.
- 13. Januar: Pierre Drauth, lëtzebuergesche Komponist an Organist.
- 13. Januar: Nic Daubenfeld, lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker (LSAP) an Historiker.
- 17. Januar: Heng Freylinger, lëtzebuergesche Ringer.
- 19. Januar: Loalwa Braz, brasilianesch Sängerin.
- 26. Januar: Bohdan Paczowski, polneschen Architekt.
- 26. Januar: Mike Connors, armeenesch-amerikanesche Filmschauspiller.
- 27. Januar: John Hurt, brittesche Schauspiller.
- 27. Januar: Emmanuelle Riva, franséisch Schauspillerin.
- 27. Januar: Paul Steffen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 8. FebruarPeter Mansfield, brittesche Physiker.
- Jan Vansina, belschen Anthropolog an Historiker. 8. Februar:
- 12. Februar: Al Jarreau, US-amerikaneschen Jazzsänger.
- 18. Februar: Jacques Dollar, lëtzebuergeschen Historiker, Sculpteur, Moler an Zeechner.
- 26. Februar: Bill Paxton, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Februar: Jean-Louis Le Goff, franséische Schauspiller.
- : 3. MäerzRené Préval, haitianesche Politiker a Staatspresident.
- : 8. MäerzGeorge A. Olah, US-amerikanesche Cheemiker.
- 17. Mäerz: Derek Walcott, lucianesch-britteschen Dichter a Schrëftsteller.
- 17. Mäerz: Robert Day, englesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Chuck Berry, US-amerikanesche Museker.
- 19. Mäerz: Roger Pingeon, franséische Vëlossportler.
- 23. Mäerz: Lola Albright, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 28. Mäerz: Christine Kaufmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin an Autorin.
- 30. Mäerz: Gilbert Baker, US-amerikanesche Kënschtler a Createur vum Reeboufändel.
- 31. Mäerz: James Rosenquist, US-amerikanesche Pop-Art-Kënschtler.
- 31. Mäerz: Stenia Zapalowska, polnesch-lëtzebuergesch Dänzerin.
- : 5. AbrëllMarion Hammang, lëtzebuergesch Kraaftsportlerin.
- : 6. AbrëllJack Pinoteau, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 8. AbrëllAloyse Schiltz, lëtzebuergeschen Offizéier a Resistenzler
- 11. Abrëll: J. Geils, US-amerikanesche Museker.
- 12. Abrëll: Michael Ballhaus, däitsche Kameramann.
- 18. Abrëll: Yvonne Monlaur, franséisch Schauspillerin.
- 22. Abrëll: Gustavo Rojo, uruguayesche Schauspiller a Filmproduzent.
- 22. Abrëll: Michele Scarponi, italieenesche Vëlossportler.
- 26. Abrëll: Jonathan Demme, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Lorna Gray, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 1. MeePierre Gaspard-Huit, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 3. MeeLukas Ammann, Schwäizer Schauspiller.
- Daliah Lavi, israeelesch Schauspillerin a Schlagersängerin. 3. Mee:
- : 4. MeeVictor Lanoux, franséische Schauspiller.
- : 9. MeeRobert Miles, Schwäizer Museker.
- Michael Parks, US-amerikanesche Schauspiller. 9. Mee:
- 10. Mee: Emmanuèle Bernheim, franséisch Schrëftstellerin an Dréibuchautorin.
- 14. Mee: Powers Boothe, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Mee: Gunnar Möller, däitsche Schauspiller.
- 22. Mee: Roger Moore, brittesche Schauspiller.
- 26. Mee: Zbigniew Brzezinski, polnesch-amerikanesche Politikwëssenschaftler.
- 27. Mee: Gregg Allman, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 28. Mee: Maury Dexter, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 28. Mee: Jean-Marc Thibault, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 29. Mee: Konstantinos Mitsotakis, griichesche Politiker.
- 29. Mee: Manuel Noriega, panameseschen Offizéier a Politiker
- : 2. JuniGeorges Thorn, lëtzebuergesche Jurist a President vum Staatsrot.
- : 9. JuniAdam West, US-amerikanesche Schauspiller.
- 13. Juni: Anita Pallenberg, däitsch Schauspillerin a Moudendesignerin.
- 16. Juni: John G. Avildsen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 16. Juni: Helmut Kohl, däitsche Politiker.
- 22. Juni: Gunter Gabriel, däitsche Sänger.
- 22. Juni: Quett Masire, Politiker a Staatspresident aus Botswana.
- 24. Juni: Victor Conzemius, lëtzebuergesche Kierchenhistoriker.
- 26. Juni: Habib Thiam, senegaleesesche Politiker.
- 27. Juni: Mikael Nyqvist, schweedesche Schauspiller.
- 29. Juni: Nadine Basile, franséisch Schauspillerin.
- 30. Juni: Simone Veil, franséisch Politikerin.
- : 2. JuliChris Roberts, däitsche Schlagersänger.
- : 3. JuliSolvi Stübing, däitsch Schauspillerin.
- : 4. JuliJeannot Belling, lëtzebuergesche Politiker.
- : 5. JuliPierre Henry, franséische Komponist.
- : 8. JuliElsa Martinelli, italieenesch Schauspillerin.
- 13. Juli: Liu Xiaobo, chineesesche Schrëftsteller an Dissident.
- 14. Juli: Anne Golon, franséisch Schrëftstellerin.
- 14. Juli: Maryam Mirzakhani, iranesch Mathematikerin.
- 15. Juli: Martin Landau, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Juli: George A. Romero, US-amerikanesche Regisseur.
- 17. Juli: Pierre Kraus, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Juli: Max Gallo, franséischen Auteur a Politiker.
- 20. Juli: Chester Bennington, US-amerikanesche Sänger.
- 20. Juli: Andrea Jürgens, däitsch Sängerin.
- 20. Juli: Claude Rich, franséische Schauspiller.
- 27. Juli: Jean-Paul Harpes, lëtzebuergesche Philosophie-Professer.
- 27. Juli: Sam Shepard, US-amerikanesche Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 31. Juli: Jean-Claude Bouillon, franséische Schauspiller.
- 31. Juli: Jeanne Moreau, franséisch Schauspillerin.
- : 3. AugustTy Hardin, US-amerikanesche Schauspiller.
- Robert Hardy, englesche Schauspiller. 3. August:
- : 8. AugustGlen Campbell, US-amerikanesche Sänger.
- 13. August: Joseph Bologna, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. August: Jacqueline Monsigny, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin, Schauspillerin an Televisiounsmoderateurin.
- 16. August: Wera Witaljewna Glagolewa, russesch Schauspillerin a Regisseurin.
- 16. August: Henri Regenwetter, lëtzebuergeschen Naturschützer.
- 20. August: Margot Hielscher, däitsch Sängerin a Schauspillerin.
- 20. August: Jerry Lewis, US-amerikanesche Schauspiller, Komiker, Filmregisseur a -produzent.
- 22. August: Alain Berbérian, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. August: Mireille Darc, franséisch Schauspillerin.
- 30. August: Károly Makk, ungaresche Filmregisseur an Dréibuchauteur
- : 4. SeptemberGastone Moschin, italieenesche Filmschauspiller.
- : 5. SeptemberNicolaas Bloembergen, hollännesch-US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 12. September: Heiner Geißler, däitsche Politiker.
- 13. September: Frank Vincent, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. September: Albert Speer, däitschen Urbanist an Architekt.
- 15. September: Harry Dean Stanton, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. September; Hugh Hefner, US-amerikaneschen Editeur.
- 28. September: Antonio Isasi-Isasmendi, spuenesche Filmregisseur.
- 29. September: Marcel Gérard, lëtzebuergesche Sproocheprofesser an Auteur.
- : 2. OktoberTom Petty, US-amerikanesche Rockmuseker.
- : 5. OktoberAnne Wiazemsky, franséisch Schauspillerin, Regisseurin a Schrëftstellerin.
- : 8. OktoberNico Hienckes, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- : 9. OktoberJean Rochefort, franséische Schauspiller.
- 10. Oktober: Jean Malget, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Lokalhistoriker a Kierchenhistoriker.
- 18. Oktober: Danielle Darrieux, franséisch Schauspillerin.
- 19. Oktober: Umberto Lenzi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Oktober: Martin Linster, lëtzebuergesche Fotograf.
- 22. Oktober: Jean Werner, lëtzebuergesche Jurist a Botaniker.
- 22. Oktober: George Young, australesche Rockmuseker.
- 24. Oktober: Fats Domino, US-amerikanesche Sänger.
- : 3. NovemberAbdur Rahman Biswas, 11. President vum Bangladesch.
- : 5. NovemberJeannine Theisen, lëtzebuergesch Radiosspeakerin.
- : 6. NovemberKarin Dor, däitsch Schauspillerin.
- : 7. NovemberBrad Harris, US-amerikanesche Bodybuilder a Schauspiller.
- 10. November: Ray Lovelock, italieenesche Schauspiller.
- 14. November: Jempy Schmitz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 15. November: Nadine Bichler, lëtzebuergesch Saxophonistin.
- 16. November: Luis Bacalov, argentinesche Filmkomponist.
- 16. November: Robert Hirsch, franséische Schauspiller.
- 16. November: Lil Peep, US-amerikanesche Rapper.
- 17. November: Salvatore Riina, italieenesche Kriminellen.
- 18. November: Azzedine Alaïa, tuneesesche Moudendesigner.
- 18. November: Malcolm Young, australesche Rockmuseker.
- 19. November: Jana Novotná, tschechesch Tennisspillerin.
- 19. November: Charles Manson, US-amerikanesche Kriminellen.
- 21. November: Peter Berling, däitsche Filmproduzent a Schauspiller.
- 21. November: David Cassidy, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 26. November: Georg Iggers, däitsch-amerikaneschen Historiker.
- 28. November: François Maroldt, lëtzebuergeschen Enseignant a Politiker.
- 30. November: Alain Jessua, franséische Filmregisseur a Schrëftsteller.
- : 2. DezemberMundell Lowe, US-amerikaneschen Jazzgittarist an Arrangeur.
- Ulli Lommel, däitsche Schauspiller a Filmregisseur. 2. Dezember:
- : 4. DezemberAli Abdullah Salih, jemenittesche Politiker.
- : 5. DezemberJean d'Ormesson, franséischen Auteur a Journalist.
- Mihai I., leschte Kinnek vu Rumänien. 5. Dezember:
- : 6. DezemberJohnny Hallyday, franséische Rocksänger a Schauspiller.
- : 7. DezemberPhilippe Maystadt, belsche Politiker.
- 11. Dezember: Suzanna Leigh, brittesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Lisa Berg, lëtzebuergesch Cellistin.
- 28. Dezember: Sue Grafton, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2017 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Frankräich vum 25. Mäerz 2017 op eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Cape Vert op der Websäit eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Albanien op der Websäit eu-football.info
- ↑ http://www.bbc.co.uk/sport/football/40225298
- ↑ Detailer vum Match Holland-Lëtzebuerg op der Websäit eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Wäissrussland op der Websäit eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Frankräich-Lëtzebuerg op der Websäit eu-football.info
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1083086.html
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/football/1083087.html
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg–Ungarn