(8) Flora
Ausgesinn
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid Flora-Famill |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,202 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1568 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 97 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,9 km/s |
Inklinatioun | 5,89 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 135 km |
Mass | 2,6 × 1018kg |
Mëttel Dicht | ≈ 2,0 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 12 h 52 min |
Albedo | 0,243 |
Absolut Hellegkeet | 6,49M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | John R. Hind |
Entdeckungsdatum | 18. Oktober 1847 |
Plaz | London |
Aner Bezeechnungen | - |
Den (8) Flora ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 18. Oktober 1847 vum John Russell Hind als aachten Asteroid entdeckt gouf. Den Himmelskierper gouf no der Flora, der réimescher Gëttin vun der Bléi a vum Fréijoer, genannt.
Den Asteroid Flora huet en Duerchmiesser vun 135 km. Hien huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,243. Wärend der Oppositioun erreecht den Asteroid Flora eng Hellegkeet vun 8,7 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel.