(18) Melpomene
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptasteroidenceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,296 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2182 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 175 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,4 km/s |
Inklinatioun | 10,13 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 150 × 125 km |
Mass | 2,9 × 1018 kg |
Mëttel Dicht | zirka 2 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 11,57 h |
Albedo | 0,2128 |
Absolut Hellegkeet | 6,5M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | John R. Hind |
Entdeckungsdatum | 24. Juni 1852 |
Plaz | London |
Den (18) Melpomene ass en Asteroid vun der Haaptceinture.
Den Objet gouf de 24. Juni 1852 vum John Russell Hind entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Melpomene genannt, der Muse vun der tragescher Dichtung an dem Trauergesank.
Den Asteroid Melpomene beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. Dobäi ass den Asteroid am Perihel 1,8 an am Aphel 2,8 A.E. vun der Sonn ewech. D'Bunn steet 10,1° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,22.
De Melpomene huet en Duerchmiesser vu ronn 140 km. Hien huet eng relativ hell silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,22. Wärend der Oppositioun erreecht den Asteroid Melpomene eng Hellegkeet vun 10,6 mag.
Observatioune loossen drop schléissen, datt de Melpomene vun engem klengen Asteroid begleet gëtt.