Talence
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Gironde | ||||
Arrondissement | Bordeaux | ||||
Kanton | Talence | ||||
Postcode | 33400 | ||||
Gemengecode | 33522 | ||||
Koordinaten | 44° 48’ 00’’ N 00° 35’ 02’’ W | ||||
Fläch | 828 ha | ||||
Bevëlkerung | 42 293 (2009) |
Talence ass eng Stad am Südweste vun Frankräich an der Regioun Nei-Aquitaine. Et ass mat iwwer 40.000 Awunner, no Bordeaux, Mérignac a Pessac, déi véiertgréisst Stad vun der Gironde.
Talence ass och de Chef-lieu vum Canton de Talence.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Talence läit am Süde vun der Agglomeratioun Bordeaux an ass ëmgi vun de Stied vun der Communauté urbaine de Bordeaux, Pessac, Bègles, Gradignan a Villenave-d'Ornon.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Territoire vun Talence war laang mat Bësch bedeckt, an deem vereenzelt Wëllschwäin gelieft hunn. Dëse Bësch soll och um Urspronk vum Numm "Talence" sinn: d'Wuert "Tala" huet d'Holzschloe bezeechent. Am 13. Joerhonnert hu sech dunn noeneen d'Nimm "Talanssa", "Talencia" an "Talance" entwéckelt.
Talence war eng Uertschaft, déi ëmmer erëm a Kricher ausgeplënnert an zerstéiert gouf, an huet sech eréischt richteg am 17. Joerhonnert entwéckelt. D'Proximitéit vun Talence zu Bordeaux an d'Presenz vun dräi groussen an relativ sécheren Handelsstroossen, d'Stroosse vun Toulouse, Bayonne a La Teste, hunn déi räich Bourgeoisie vu Bordeaux ugezunn, vun deenen der vill sech grouss Schlässer baue gelooss hunn, wéi zum Beispill de Banquier Samuel Charles Peixotto.
Trotzdeem bleift Talence éischter eng ländlech Géigend. Et ass eréischt um Enn vum 19. an am Laf vum 20. Joerhonnert, datt Talence sech als Stad affiméiert huet a verschidden industriel Aktivitéite sech entwéckelt hunn.
An den 1970er an 1980er Joren ass d'Industrie aus Talence verschwonnen an et sinn haaptsächlech Wunnquartieren iwwereg bliwwen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Um Wope vun Talence steet: "D'or, aux talles de sinople posées sur une terrasse du même, au sanglier de sable défendu et allumé de gueules brochant sur les tiges".
Um Wopen (gréng, schwarz, gold), gesäit een e Bam mat zwéi groussen Äscht ("talles"), déi op den Numm "Talence" hiweisen, an e Wëllschwäin, well fréier déi räich Leit vu Bordeaux op Talence joe komm sinn.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]De gréissten Deel vun de Betriber zu Talence kënnt aus dem Tertiäre Secteur. Landwirtschaft gëtt et quasi keng an d'Industrie ass nëmme schwaach vertrueden. De Chômage huet 1999 14 % erreecht (12,9 % fir ganz Frankräich).[1]
- Primäre Secteur: 0,1 %
- Industrie: 9,2 %
- Tertiäre Secteur: 90,7 %
Demographesch Evolutioun
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|
Quell: INSEE
Repartitioun
[änneren | Quelltext änneren]- Undeel vu Männer a Fraen (Schätzung vun 2005, Quell: INSEE):
Geschlecht | Talence (2005) |
Frankräich (2005) |
Talence (1999) |
---|---|---|---|
Männer | 46 % | 48,3 % | 47 % |
Fraen | 54 % | 51,7 % | 53 % |
- Undeel vun de verschiddenen Altersklassen (Schätzung vun 2005, Quell: INSEE):
Altersklass | Talence (2005) |
Frankräich (2005) |
Talence (1999) |
---|---|---|---|
Ënner 19 Joer | 23 % | 25,4 % | 20,2 % |
Zwëscht 20 an 39 Joer | 38 % | 26,6 % | 40 % |
Zwëscht 40 an 59 Joer | 23 % | 27,7 % | 21,4 % |
Iwwer 60 Joer | 16 % | 20,3 % | 19,4 % |
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]- En Deel vum Universitéitsdomaine vu Bordeaux läit zu Talence, ënner anerem d'Université Bordeaux I, den Institut polytechnique de Bordeaux an en Deel vun der Université Bordeaux II.
- De Stade Pierre Paul Bernard an de Stade nautique Henri Deschamps sinn zu Talence.
- Talence gehéiert zur Communauté urbaine de Bordeaux (CUB) an ass iwwer d'Linn B: Pessac Centre ↔ Claveau / Bassins à Flot vum Tram vun der CUB mat Pessac a mat dem Stadzentrum vu Bordeaux verbonnen.
Partnerschafte mat auslännesche Stied
[änneren | Quelltext änneren]- 1985 Alcalá de Henares (Spuenien)
- 1998 Trikala (Griicheland)
- 2004 Chaves (Portugal)
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Gironde
- Arrondissementer am Departement Gironde
- Kantonen am Departement Gironde
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Gironde
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- http://www.talence.fr/ Internetsäit vun der Gemeng Talence
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Talence – Biller, Videoen oder Audiodateien |