Op den Inhalt sprangen

Dafsteen

Vu Wikipedia

En Dafsteen ass e sakralen Objet a Kierchen den zur Spendung vum Sakrament vun der Daf gebraucht gëtt. Meeschtens huet en d'Form vun engem Komp deen op engem zirka 1,5 m héije Sockel steet a mat Wäiwaasser gefëllt ass. D'Material kann aus Holz, Steen oder Metall sinn.

Et gëtt 3 méiglech Emplacementer fir en Dafsteen an enger Kierch:

  • an enger Dafkapell, z. B. eng Nisch an engem Säiteschëff oder soss enger méi oder manner ofgetennter Plaz, z. B. an der Kierch um Houwald
  • direkt bei der Entrée (dës sinn haut meeschtens net méi am Gebrauch), z. B. an der Kierch um Belair
  • am Chouer, z. B. an der Kierch um Zens

Dacks gëtt d'Ouschterkäerz no bei den Dafstee gestallt.

Et gëtt och Dafsteng, déi grouss genuch si fir d'Daf duerch Ënnerdauchen ze spenden, déi sinn allerdéngs a Westeuropa ganz seelen; Ausnam: d'Kathedral vun Évry bei Paräis.

Commons: Dafsteng – Biller, Videoen oder Audiodateien