Charles Sowa
Charles Sowa | |
---|---|
D'Lëtzebuerger Liichtathleeten 1960 um Wee op Roum, vu l. no r.: Ramon Humbert, Norbert Haupert, Jean Aniset, Félix Heintz, Boy Bofferding, Lucien Faber a Charles Sowa | |
Gebuer |
15. Abrëll 1933 Schëffleng |
Gestuerwen |
7. Juli 2013 Schëffleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Liichtathleet |
Kompetitiounsklass | Goen |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960, Olympesch Summerspiller 1968, Olympesch Summerspiller 1972 |
Famill | |
Kanner | Marco Sowa |
De Charles Sowa, gebuer de 15. Abrëll 1933 zu Schëffleng, an och do gestuerwen de 7. Juli 2013[1], war e lëtzebuergesche Sportler, spezialiséiert am athleetesche Goen.
Hien ass de Papp vum Marco Sowa deen och am athleetesche Goen un enger Olympiad (1988) deelgeholl huet.
Resultater am Sport
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet véiermol un den olympesche Summerspiller deelgeholl, all Kéier op der Distanz vun 20 a 50 km:
Op der laanger Distanz huet en zweemol säi bescht Resultat zustan bruecht. 1964 zu Tokyo ass e vu 34 Athleeten den néngte ginn an 1972 zu München war hien den zéngte vu 36 Athleeten, obwuel en du schonn 39 Joer al an duerch eng Bronchite geschwächt war.
Hien ass an där Zäitspan och bei den Europameeschterschafte véiermol un den Depart gaangen, zu Athen ass en dobäi 1969 de siwente ginn.
Véiermol, an de Joren 1964, 1967, 1971 an 1972, ass hien zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt ginn.
Aktivitéite fir de Sport
[änneren | Quelltext änneren]Ënner der Presidentschaft vum Norbert Haupert vun 1973 bis 1979 war de Charles Sowa Sportdirekter vum Liichtathleetikverband, spéider ënner dem Mil Jung huet en Initiativen ergraff fir d'Liichtathleetik bei de Fraen ze fërderen.
Vun 1988 bis 1994 war hie President vun der Escher Fola.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Luxemburger Wort vum 10. Juli 2013, S. 46: Durch und durch ein Kämpfer
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Resultater vum Charles Sowa op der Säit vun der Association luxembourgeoise des Olympiens
- Resultater vum Charles Sowa bei den Olympesche Summerspiller
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 9. Juli 2013, S.39
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Norbert Haupert | 1964 | René Kilburg |
René Kilburg | 1967 | Louis Pilot |
Nicolas Koob | 1971 an 1972 | Robert Schiel |