Op den Inhalt sprangen

CA Fola Esch

Vu Wikipedia

De Club Athlétique Fola oder CA Fola ass e lëtzebuergesche Liichtathleetikclub vun Esch-Uelzecht, deen 1950 gegrënnt ginn ass. De Club ass eng Association sans but lucratif an trainéiert am Stade Émile-Mayrisch.

D'Fola konnt schonn aachtmol de Lëtzebuerger Sportler vum Joer stelle mam Charel Sowa (1964, 1967, 1971 an 1972), René Kilburg (1965 an 1966), Raymond Conzemius (1984) an David Fiegen (2002).