Op den Inhalt sprangen

Salzburg

Vu Wikipedia
Salzburg
Land Éisträich
Vewaltungseenheet Salzburg
Awunner 155.021
  1. Januar 2020
Fläch 65,65 km²
Héicht 424 m
Koordinaten 47°48'0"N, 13°2'42"O
Telefonszon 0662
Postcode 5020
Websäit https://www.stadt-salzburg.at/
Vue op d'Alstad an d'Festung vu Salzburg

Salzburg ass eng Stad an Éisträich, um Floss Salzach. Et ass d'Haaptstad vum éisträichesche Bundesland mam selwechten Numm.

Schonns zu Réimerzäiten war op där Plaz eng Sidlung, déi Iuvavum genannt gouf. Salzburg gouf 696 als Bëschofssëtz gegrënnt a gouf 798 e Prënz-Äerzbistum. Haaptakommes war den Ofbau vu Salz (dohier den Numm) a vu Gold, souwéi den Handel. D'Festung Hohensalzburg, eng vun de gréisste mëttelalterleche Festungen an Europa, ass aus dem 11. Joerhonnert. Am 17. Joerhonnert war Salzburg en Zentrum vun der Géigereformatioun, mat enger jett Kléischter a Kierchen, déi adu gebaut goufen.

Déi historesch Alstad vu Salzburg ass dann och fir hir barock Architektur bekannt, an ass eng vun den am beschten erhalenen Alstied nërdlech vun den Alpen. 1996 gouf s'als Unesco-Weltierwe klasséiert.[1]

Salzburg huet dräi Universitéiten, mat iwwer 16.000 Studenten eleng op der Universitéit Salzburg, an ass eng Touristendestinatioun.

Commons: Stad Salzburg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Historisches Zentrum der Stadt Salzburg op unesco.org.