Peter Brandebourg
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Peter Brandebourg | |
---|---|
Gebuer |
25. Juli 1824 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Mee 1878 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Akademie der Bildenden Künste München, École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Fotograf, Moler |
De Peter (oder Pierre) Brandebourg(er) oder (Brandenbourger), gebuer de 25. Juli 1824 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 23. Mee 1878, war e lëtzebuergesche Moler a Fotograf.
Hien huet no sengem Kolléisch zu Antwerpen, Paräis a München Konscht studéiert. De Brandenbourg war e Schüler vum Jean-Baptiste Fresez. Hien huet duerno Illustratioune vu Bicher, Portraitën a Landschafte gemoolt, mä mat der Zäit agesinn, datt e mat där neier Erfindung, der Fotografie, méi Sue kéint maachen. Géint 1867 huet hien als Éischten zu Lëtzebuerg an der Stad e Fotosatelier opgemaach, mat deem e landbekannt gouf.
Dësen Atelier huet, nom Brandenbourg sengem Doud, de Charles Bernhoeft iwwerholl.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Bouneweg eng Strooss tëscht der Rue Nicolas Martha an der Rue Paul Medinger no him benannt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Nei Paart an der Stad (1871)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
- René Clesse: Geschichtsschreibung mit der Kamera. Die ersten Photographen unserer Hauptstadt. In: ons stad, Nr 45, Abrëll 1994, S. 6-12.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Peter Brandebourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Iwwer d'restauréiert Lithographie op der Websäit vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik:Lithographie restaurée