Olympesch Summerspiller 2024
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der XXXIII. Olympiad | |
---|---|
Motto | Ouvrons grand les Jeux |
Land | Frankräich |
Stad | Paräis |
Ufanksdatum | 26. Juli 2024 |
Schlussdatum | 11. August 2024 |
opgemaach vum/vun der | Emmanuel Macron |
Olympeschen Eed | Florent Manaudou |
Olympesch Fakel | Teddy Riner |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 2020 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 2028 |
Um Spaweck | https://olympics.com/fr/paris-2024 |
D'Olympesch Summerspiller 2024, offiziell Spiller vun der XXXIII. Olympiad, goufe vum 26. Juli bis den 11. August 2024 zu Paräis a Frankräich ofgehalen. Et waren no de Spiller vun 1900 an deene vun 1924 déi drëtt Olympesch Summerspiller déi zu Paräis organiséiert goufen.
Erëffnungszeremonie
[änneren | Quelltext änneren]D'Erëffnungszeremonie de 26. Juli war op der Seine. 10.000 Athleete sinn op 180 Schëffer vum Pont d'Austerlitz bis bei de Pont d'Iéna iwwer de Floss gefuer an d'Spectateure konnten de Spektakel vun den Uwänner aus kucken. Ursprénglech war geplangt, datt iwwer eng Millioun Spectateure bei der Zeremonie kéinten derbäi sinn. Wéinst Sécherheetsbedenke goufen awer schlussendlech just ronn 600.000 Leit zougelooss, dovu 500.000 op de gratis Stéiplazen an eng 100.000 VIPen, déi bis zu 2.700 Euro fir en Entréesticket bezuelt hunn[1].
Et war an der Geschicht vun den Olympesche Spiller déi éischt Kéier, datt eng Ouvertureszeremonie net an engem Stadion organiséiert gouf.
Fir d'Ouverture gouf de Lëtzebuerger Fändel vun der Ni Xia Lian an dem Bob Bertemes gedroen[2]. D'Ni Xia Lian ass doriwwer eraus déi eelst Sportlerin déi jee op den olympesche Spiller mat derbäi war.[Source?]
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Den COSL huet de 24. Juni 2024 d'Selektioun vum „Team Lëtzebuerg“ fir d'Spiller zu Paräis festgehalen; den 2. a 5. Juli goufen nach e puer zousätzlech Athleeten nonominéiert. Um Enn goufen 13 Athleeten (6 Fraen an 7 Männer) a follgende Sportaarte selektionéiert[3][4][5][6].
Kategorie | Sportaart | Athleet | Participatioun |
---|---|---|---|
Liichtathleetik | Bommstoussen | Bob Bertemes | 2. |
100-m-Laf | Patrizia van der Weken | 1. | |
1500-m-Laf | Vera Hoffmann | 1. | |
3000-m Hecken | Ruben Querinjean | 1. | |
Vëlossport | Stroossecourse | Christine Majerus | 4. |
Alex Kirsch | 1. | ||
Reiden | Dressur | Nicolas Wagner-Ehlinger | 2. |
Schwammen | 100-m-Fräistil | Ralph Daleiden-Ciuferri | 1. |
Bouschéissen | Recurve | Pit Klein | 1. |
Dëschtennis | Eenzel | Sarah De Nutte | 2.
6. 1. |
Triathlon | Jeanne Lehair | 1. |
De Chef de mission ass de Raymond Conzemius.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Olympesch Summerspiller 2024 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Warum der Olympia-Auftakt die Pariser enttäuschen wird. luxemburger-wort-online (08.03.2024). Gekuckt de(n) 08.03.2024.
- ↑ (fr)Paris 2024 – Porte-drapeaux Jeux Olympiques - COSL (25.07.2024). Gekuckt de(n) 25.07.2024.
- ↑ (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024. teamletzebuerg.lu (25.06.2024). Gekuckt de(n) 29.06.2024.
- ↑ (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024 - Update 1. teamletzebuerg.lu (02.07.2024). Gekuckt de(n) 07.07.2024.
- ↑ (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024 - Update 2. teamletzebuerg.lu (02.07.2024). Gekuckt de(n) 07.07.2024.
- ↑ (fr)Délégation Team Lëtzebuerg aux JO Paris 2024 - Update 3. teamletzebuerg.lu (02.07.2024). Gekuckt de(n) 07.07.2024.