Op den Inhalt sprangen

Michel Pintz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michel Pintz
Gebuer 1774
Gestuerwen 20. Mee 1799
Doudesursaach Käppen
Erënnerungsplack zu Aasselbuer

De Michel Pintz och nach bekannt ënner dem Numm Schéifermisch vun Aasselbuer, gebuer 1774, an higeriicht duerch d'Guillotine[1] den 20. Mee 1799 um Glacis, ass dee bekanntste Lëtzebuerger, deen um Klëppelkrich deelgeholl huet.

Den 30. Oktober 1798 war et zu Klierf zou grousse Reiwereien tëscht der franséischer Arméi an der sougenannter Klëppelarméi komm. D'Baueren hate sech am Schlass verschanzt, a sech bis spéit an de Nomëtte gewiert.

Eng Partie vun hinne war scho gefall, an de Rescht huet probéiert fir sech mat sou wéineg wéi méiglech Verloschter zeréckzezéien. Mat e puer vu senge Kolleegen hat den Aasselbuerer Schéifer, Michel Pintz, et fäerdeg bruecht fir a säin Duerf zeréckzekommen.

Géint 4 Auer mëttes koumen du franséisch Gendaarmen an d'Duerf. Et gouf Alarm geschloen, an d'Bauere si mat hire Waffen op d'Strooss gaangen. Bei der Reiwerei déi dunn entstanen ass gouf op d'Gendaarme geschoss, an et sinn der 2 gefall.

Déi zwéin déi geschoss haten, waren de Jean Wesard vu Klierf, deen als éischte geschoss awer net getraff hat, an de Michel Pintz vun Aasselbuer.

Den 19. Mee 1799 um Militärgeriicht koum de Jean Wesard, well en net getraff hat, an och eréischt 17 Joer al war, mat engem bloen A dovun, awer de Schéifermisch gouf zum Doud verurteelt an um Nikloskierfecht, do wou haut d'Klëppelkrichmonument um Lampertsbierg steet, higeriicht.

Virdru ware si am Fort Olizy gefaange gehale ginn.

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]

Op der Aasselbuerer Millen steet eng Skulptur, geschaf vum Michel Heintz jr, an zu Aasselbuer gëtt et eng Plack, déi un de Schéifermisch erënneren.

De Norbert Weber huet en Theaterstéck, De Schéifermisch, geschriwwen, dat 1958 uropgefouert gouf.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. La «Vendée belge» dans la mémoire collective aux XIXe et XXe siècles, Säit 85: Il s'agit de Michel Pintz...... condamné à mort et guillotiné le 1er prairial an VII (20 mai 1799).