Jules Wilhelm (Historiker)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Historiker Jules Wilhelm. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jules Wilhelm. |
Jules Wilhelm | |
---|---|
Gebuer | 20. Mee 1866 |
Gestuerwen | 7. Januar 1942 |
Aktivitéit | Historiker |
De Jules Wilhelm, gebuer den 20. Mee 1866 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 7. Januar 1942, war e lëtzebuergeschen Historiker.
De Wilhelm huet zu Bonn a Paräis Germanistik a Romanistik studéiert. Vu Beruff war hie Lycéesprofesser am Dikrecher an am Stater Kolléisch.
Vun 1931 bis 1940 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
A Clausen ass déi Strooss, déi sech vun der Uelzecht bis op de Kierchbierg eropzitt, de fréiere Weimeschhaffer Wee, 1945 no him genannt ginn: d'Rue Jules-Wilhelm.[1],[2]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1929)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Wort, 1. Abrëll 1947, S. 2 (Jules Wilhelm)
- ↑ Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 101: 69.
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1929 mat der Lëscht vun de Leit déi 1929 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen