Op den Inhalt sprangen

Buergplaz zu Huldang

Vu Wikipedia
Buergplaz
(Burrigplatz)
De Waassertuerm op der Buergplaz
An anere Sproochen de: Burgplatz
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Ëlwen
Buergermeeschter Édouard Mertens
Héicht 558,35 m
Koordinaten 50° 09’ 41.9’’ N
      06° 01’ 24.7’’ O
(Waassertuerm)
Stroosseschëld mam Numm an der lokaler Schreifweis

D'Buergplaz zu Huldang (lokal: Burrigplatz) ass e Lieu-dit an der Gemeng Ëlwen.

De Lieu-dit läit op der N7, ongeféier op hallwem Wee tëscht der Wemperhaart an der Schmëdd. Westlech vun der N7 steet de Waassertuerm vun Huldang.

Nieft dem Waassertuerm ass, mat 558,35 Meter, déi zweethéchst Plaz zu Lëtzebuerg, no Op Kneiff bei Wilwerdang mat 560,13 Meter[1]. E Schëld beim Waassertuerm an eng Skulptur op enger Raschtplaz nieft der Haaptstrooss weisen d'Plaz iertemlecherweis als déi héchst un.

Déi éischt topographesch Kaart déi dat ganzt Lëtzebuerger Land ofgedeckt huet, gouf 1905 vum franséische Kartograph Jules Hansen publizéiert. Bei der Héichtemiessung déi mat engem Barometer gemaach gouf, koum fir d'Buergplaz eng Héicht vu 555 m eraus. D'Buergplaz war domat déi zweethéchst Plaz vum Land, hannert dem Napoleonsgaart mat 562 m.

1951 huet de franséischen Institut géographique national am Optrag vum Kadaster déi éischt topographesch Kaarten op Basis vun der Photogrammetrie erstallt. Domat gouf d'Buerplaz mat 559 m déi héchst Plaz vum Land, virun Op Kneiff (558 m) an dem Napoleonsgaart (549 m).

Op Basis vun engem digitale Fluch iwwer d'Lëtzebuerger Land den 31. Mee 1994, gouf tëscht 1994 an 1997 déi éischt topographesch Datebank fir Lëtzebuerg opgestallt. De Gebrauch vum GPS huet et erlaabt fir d'Donnéeën am nationale geodetesche System ze lokaliséieren. D'Héichtemiessung gouf mam Nivellement général du Luxembourg verknëppt. Bei dëser Miessung koum eraus, datt Op Kneiff mat 560,08 m déi héchst Plaz am Land ass an d'Buergplaz mat 558,35 m[3], op der zweeter Plaz läit.

De falschen héchste Punkt vum Land

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Buergplaz zu Huldang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. A. Storoni 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. S. 16.
  2. Le point culminant du Luxembourg. act.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-06.
  3. sou steet et um Schëld beim Huldanger Waassertuerm