9. Dezember
Ausgesinn
<< | Dezember | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | ||||||
2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
30 | 31 | |||||
2024 |
Den 9. Dezember ass den 343. Dag vum Joer (344. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1687: Den Habsburger Joseph I. gëtt Kinnek vun Ungarn.
- 1824: An der Schluecht bei Ayacucho gewannen déi südamerikanesch Fräiheetskämpfer ënnert dem Generol Antonio José de Sucre géint d'Truppe vum Vizekinnek vu Peru, dem José de la Serna a verdreiwen domat fir zerguttst d'Spuenier aus hire Kolonien a Südamerika.
- 1905: A Frankräich gëtt mam Gesetz iwwer d'Trennung vu Kierch a Staat de Prinzip vum Laizismus agefouert.
- 1922: Den Ingenieur Gabriel Narutowicz gëtt zum éischte President vun der Republik Polen gewielt.
- 1937: Japanesch Truppe fänke mat der Belagerung vu Nanking den Zweete Japanesch-Chineesesche Krich un.
- 1946: Ufank vum Nürnberger Dokteschprozess, Deel vun den Nürnberger Prozesser.
- 1967: Den Nicolae Ceaușescu gëtt a Rumänien zousätzlech zu senger Funktioun als Zentralsekretär vun der rumänescher Kommunistescher Partei och nach President vum Staatsrot.
- 1990: De Lech Wałęsa gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen a Polen.
- 2004: D'Europäesch Demokratesch Partei gëtt gegrënnt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1890: Den Adolf, Herzog vun Nassau, leet an der Chamber säin Eed op d'Verfassung of a gëtt domat, als éischten aus der Dynastie Lëtzebuerg-Nassau, ënnert dem Numm Adolphe Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1896: Mat 30 Stëmme géint 1 an enger Enthalung decidéiert d'Chamber d'Lëtzebuerger Sprooch net an der Chamber zouzeloossen.
- 1906: Den éischte Lëtzebuerger Foussballveräin, d'Football and Lawn Tennis Association, haut CS Fola Esch, gëtt gegrënnt.
- 1970: D'40-Stonne-Woch gëtt per Gesetz agefouert.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1784 entdeckt den Astronom Wilhelm Herschel den NGC 3078, eng elliptesch Galaxie am Stärebild Hydra.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Ödön von Horváth
-
Kirk Douglas
-
Carlo Azeglio Ciampi
-
Judi Dench
-
John Malkovich
-
Jean-Claude Juncker
- 1508: Gemma Frisius, Mathematiker, Medezinner a Kartograph.
- 1724: Johann Evangelist Helfenzrieder, däitsche Jesuitt, Mathematiker an Astronom.
- 1813: Nicolas Adames, lëtzebuergesche Geeschtlechen, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.
- 1832: Adalbert Krüger, däitschen Astronom.
- 1846: Félix Reding, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
- 1876: Michel Lucius, lëtzebuergesche Geolog.
- 1882: Joaquín Turina, spuenesche Komponist.
- 1893: Dom Paul Benoit, Benediktinerpater an Uergelkomponist.
- 1899: Howard Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1901: Ödön von Horváth, éisträich-ungaresche Schrëftsteller.
- 1905: Dalton Trumbo, US-amerikaneschen Auteur.
- 1905: Joseph Colabianchi, lëtzebuergesche Schräiner.
- 1906: Menotti Pozzacchio, lëtzebuergesche Gewiichtshiewer an Olympionik.
- 1911: Broderick Crawford, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1916: Kirk Douglas, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1919: William N. Lipscomb, US-amerikanesche Cheemiker.
- 1920: Carlo Azeglio Ciampi, italieenesche Staatspresident.
- 1920: Emmanuel Tesch, lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.
- 1926: René Schmitt, lëtzebuergeschen Ornitholog a Lycéesdirekter.
- 1927: Pierre Henry, franséische Komponist.
- 1927: Helen Watts, walisesch Altsängerin.
- 1929: John Cassavates, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 1931: Raymond Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1934: Judi Dench, brittesch Schauspillerin.
- 1934: Marie-Lou Kreintz, lëtzebuergesch Molerin.
- 1937: Will Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 1941: Patrick Brion, franséischen Auteur a Filmhistoriker.
- 1947: Jhang Meis, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1953: John Malkovich, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1954: Jean-Claude Juncker, lëtzebuergesche Politiker.
- 1957: Adri van Westerop, lëtzebuergesch Ëmweltberoderin a Politikerin.
- 1963: Surab Jwania, georgesche Politiker.
- 1972: Léon Gloden, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 1976: Booba, franséische Rapper.
- 1976: Sumo, däitsche Graffiti-Artist a Moler.
- 1990: LaFee, däitsch Sängerin.
- 1994: Bob Melcher, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1999: Jessica Becker, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1437: Sigismund vu Lëtzebuerg, däitsche Keeser, Kinnek vu Béimen an Ungarn.
- 1641: Antoon van Dyck, flämesche Moler.
- 1855: Jean-Pierre Pescatore, lëtzebuergesch/franséischen Entreprener, Banquier a Mäzen.
- 1889: Ernest Biver, lëtzebuergesch-belschen Offizéier an Industriellen.
- 1918: Edouard Caspari, franséische Marineingenieur, Geograph an Astronom.
- 1941: Adolphe Eberhard, lëtzebuergesche Moler.
- 1963: Jean-Pierre Stein, lëtzebuergeschen Enseignant.
- 1967: Charles Léon Hammes, lëtzebuergesche Jurist a Riichter um CECA-Geriichtshaff.
- 1972: William Dieterle, amerikanesch-däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1982: Fritz Usinger, däitsche Schrëftsteller, Lyriker, Essayist an Iwwersetzer.
- 1985: Victor Vicas, russesch-franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1989: R. G. Springsteen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1990: Norbert Droessaert, Direkter vun der Administration des douanes et accises a Member vum Staatsrot.
- 1996: Alain Poher, franséische Politiker.
- 1996: Harry Carman Barteau, amerikaneschen Auteur.
- 1998: Archie Moore, US-amerikanesche Profiboxer a Schauspiller.
- 2001: Josy Kraus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2007: Henri Debehogne, belschen Astronom.
- 2012: Patrick Moore, britteschen Astronom.
- 2014: Mary Ann Mobley, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 2019: René Auberjonois, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2019: Marie Fredriksson, schweedesch Musekerin.
- 2021: Lina Wertmüller, italieenesch Filmregisseurin.
- 2021: Gertraud Jesserer, éisträichesch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 9. Dezember – Biller, Videoen oder Audiodateien |