Richard Attenborough
Richard Attenborough | |
---|---|
Gebuertsnumm | Richard Samuel Attenborough |
Gebuer |
29. August 1923 Cambridge |
Gestuerwen |
24. August 2014 London |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Politiker, Universitéitsprofesser, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur |
Partei | Labour Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Sheila Sim |
Geschwëster | David Attenborough |
Kanner | Charlotte Attenborough |
De Richard Samuel Attenborough, Baron Attenborough, gebuer den 29. August 1923 zu Cambridge, England, an och do gestuerwen de 24. August 2014, war en englesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
Mat 17 Joer huet de Richard Attenborough zu London op der Royal Academy of Dramatic Art studéiert. Am Joer 1942 krut hie seng éischt Roll am West End Theatre. Am selwechte Joer huet hien och am Film In Which We Serve vum Noël Coward an David Lean seng éischt Roll gespillt. Weider Optrëtter als Schauspiller hat hien a bedeitende Filmer wéi an dem Zweete Weltkrichs Film A Matter of Life and Death (1946) vum Michael Powell an Emeric Pressburger an am Kriminalfilm The League of Gentlemen (1959) vum Basil Dearden. Weider war hien am Krichsfilm The Great Escape (1963) vum John Sturges, dee sech an engem Gefangenelager ofgespillt huet, ze gesinn. An The Flight of the Phoenix (1965) vum Robert Aldrich war hien ee vun de Passagéier vun engem Fliger deen an der Wüst erofgefall war. An am Science-Fiction-Film Jurassic Park (1993) vum Steven Spielberg huet hien den Direkter vum engem Park mat Dinosaurier gespillt.
Am Joer 1969 huet hie mat Oh, What a Lovely War säin éischte Film als Regisseur gedréint. Bekannt Filmer vun him als Regisseur sinn de Krichsfilm A Bridge Too Far (1977) mam Dirk Bogarde, Sean Connery, Gene Hackman, Michael Caine, Maximilian Schell an Hardy Krüger an den Haaptrollen an dann nach am Joer 1982 Gandhi mam Ben Kingsley a Candice Bergen eng Biographie vum Mahatma Gandhi.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]vun 1942 bis 1949
[änneren | Quelltext änneren]- 1942: In Which We Serve, vum Noël Coward an David Lean mam Noel Coward a Michael Wilding
- 1943: Schweik's New Adventures, vum Karel Lamac mam Lloyd Pearson
- 1944: The Hundred Pound Window, vum Brian Desmond Hurst mam Anne Crawford an David Farrar
- 1945: Think It Over, vum Roy Ward Baker (Kuerzfilm)
- 1945: Journey Together, vum John Boulting mam Jack Watling an David Tomlinson
- 1946: A Matter of Life and Death, vum Michael Powell und Emeric Pressburger mam David Niven a Kim Hunter
- 1946: School for Secrets, vum Peter Ustinov mam Ralph Richardson
- 1947: The Man Within, vum Bernard Knowles mam Michael Redgrave an Joan Greenwood
- 1947: Dancing with Crime, vum John Paddy Carstairs
- 1947: Brighton Rock , vum John Boulting mam Hermione Baddeley
- 1948: London Belongs to Me, vum Sidney Gilliat mam Alastair Sim a Fay Compton
- 1948: The Guinea Pig, vum Roy Boulting mam Bernard Miles
- 1949: The Lost People, vum Muriel Box a Bernard Knowles mam Dennis Price a Mai Zetterling
- 1949: Boys in Brown , vum Montgomery Tully mam Jack Warner an Dirk Bogarde
vun 1950 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1950: Morning Departure, vum Roy Ward Baker mam John Mills an Nigel Patrick
- 1951: Hell Is Sold Out, vum Michael Anderson mam Mai Zetterling an Herbert Lom
- 1951: The Magic Box, vum John Boulting mam Robert Donat a Maria Schell
- 1952: Gift Horse , vum Compton Bennett mam Trevor Howard an James Donald
- 1950: Father's Doing Fine, vum Henry Cass
- 1954: Eight O'Clock Walk, vum Lance Comfort mam Cathy O'Donnell
- 1952: The Ship That Died of Shame, vum Basil Dearden mam George Baker a Virginia McKenna
- 1956: Private's Progress, vum John Boulting mam Dennis Price an Terry-Thomas
- 1956: The Baby and the Battleship, vum Jay Lewis mam John Mills an André Morell
- 1957: Brothers in Law , vum Roy Boulting mam Ian Carmichael an Terry-Thomas
- 1957: The Scamp , vum Wolf Rilla
- 1958: Dunkirk, vum Leslie Norman mam John Mills
- 1958: The Man Upstairs, vum Don Chaffey mam Bernard Lee an Donald Houston
- 1958: Sea of Sand, vum Guy Green mam Michael Craig a Percy Herbert
- 1958: I'm All Right, Jack, vum John Boulting mam Terry-Thomas a Peter Sellers
- 1959: Danger within vum Don Chaffey mam Richard Todd a Michael Wilding
- 1959: Jet Storm, vum Cy Endfield mam Stanley Baker an Diane Cilento
- 1959: S.O.S. Pacific, vum Guy Green mam Pier Angeli an Eva Bartok
- 1960: The Angry Silence, vum Guy Green mam Pier Angeli a Michael Craig
- 1959: The League of Gentlemen, vum Basil Dearden mam Jack Hawkins an Nigel Patrick
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1961: Whistle Down the Wind, vum Bryan Forbes mam Bernard Lee an Alan Bates
- 1960: Only Two Can Play, vum Sidney Gilliat mam Peter Sellers a Mai Zetterling
- 1962: All Night Long, vum Basil Dearden mam Patrick McGoohan a Betsy Blair
- 1962: The Dock Brief , vum James Hill mam Peter Sellers
- 1963: The Great Escape, vum John Sturges mam Steve McQueen an James Garner
- 1964: The Third Secret, vum Charles Crichton mam Stephen Boyd an Jack Hawkins
- 1964: Seance on a Wet Afternoon, vum Bryan Forbes
- 1964: Guns at Batasi, vum John Guillermin mam Jack Hawkins a Mia Farrow
- 1965: The Flight of the Phoenix, vum Robert Aldrich mam James Stewart a Peter Finch
- 1966: The Sand Pebbles, vum Robert Wise mam Steve McQueen a Candice Bergen
- 1967: Doctor Dolittle, vum Richard Fleischer mam Rex Harrison a Samantha Eggar
- 1968: Only When I Larf, vum Basil Dearden mam David Hemmings
- 1968: The Bliss of Mrs. Blossom, vum Joseph McGrath mam Shirley MacLaine
- 1969: The Magic Christian, vum Joseph McGrath mam Peter Sellers a Ringo Starr
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: The Last Grenade , vum Gordon Flemyng mam Stanley Baker an Alex Cord
- 1970: Loot, vum Silvio Narizzano mam Lee Remick an Hywel Bennett
- 1970: A Severed Head, vum Dick Clement mam Lee Remick a Claire Bloom
- 1971: 10 Rillington Place, vum Richard Fleischer mam Judy Geeson an John Hurt
- 1974: And Then There Were None, vum Peter Collinson mam Charles Aznavour an Elke Sommer
- 1975: Rosebud, vum Otto Preminger mam Peter O'Toole an Isabelle Huppert
- 1975: Brannigan, vum Douglas Hickcox mam John Wayne an Judy Geeson
- 1975: Conduct Unbecoming, vum Michael Anderson mam Michael York an Trevor Howard
- 1977: Shatranj ke khilari, vum Satyajit Ray
- 1979: The Human Factor, vum Otto Preminger mam John Gielgud an Derek Jacobi
vun 1990 bis 2001
[änneren | Quelltext änneren]- 1993: Jurassic Park, vum Steven Spielberg mam Sam Neill a Laura Dern
- 1994: Miracle on 34th Street, vum Les Mayfield mam Elizabeth Perkins
- 1996: Hamlet , vum Kenneth Branagh mam Julie Christie an Judi Dench
- 1996: E=mc2, vum Benjamin Fry
- 1997: The Lost World: Jurassic Park, vum Steven Spielberg mam Jeff Goldblum an Julianne Moore
- 1998: Elizabeth , vum Shekhar Kapur mam Cate Blanchett a Geoffrey Rush
- 2001: Puckoon, vum Terence Ryan mam Elliott Gould a Sean Hughes
als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1969: Oh, What a Lovely War, mam Colin Farrell a Corin Redgrave
- 1972: Young Winston, mam Simon Ward an John Mills
- 1977: A Bridge Too Far, mam Dirk Bogarde, Sean Connery, Gene Hackman, Michael Caine, Maximilian Schell an Hardy Krüger
- 1978: Magic, mam Anthony Hopkins an Ann-Margret
- 1982: Gandhi , mam Ben Kingsley a Candice Bergen
- 1985: A Chorus Line
- 1987: Cry Freedom, mam Denzel Washington a Kevin Kline
- 1992: Chaplin, mam Robert Downey Jr. a Geraldine Chaplin
- 1993: Shadowlands, mam Anthony Hopkins
- 1996: In Love and War, mam Sandra Bullock
- 1999: Grey Owl , mam Pierce Brosnan
- 2007: Closing the Ring, mam Shirley MacLaine
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Richard Attenborough – Biller, Videoen oder Audiodateien |