Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Zell an der Biologie. Fir aner Bedeitunge vum Begrëff, kuckt wgl. Zell.

An der Biologie ass eng Zell (op Latäin cellula „kleng Kummer“) déi klengst selbstänneg an dauerhaft funktiounsfäeg Grondeenheet vum Liewewiesen.[1]

Et ënnerscheet een tëscht deen Eenzeller, also de Liewewiesen, déi aus nëmmen enger Zell bestinn, an de Méizeller, also de Liewewiesen, déi aus méi wéi enger Zell bestinn. Wa Liewewiesen aus villen Zelle bestinn (Villzeller), kënnen déi Zellen zu funktionellen Eenheete verbonne sinn a biologeschen Tissu bilden. De mënschleche Kierper besteet aus honnerte verschiddenen Zell- an Tissustyppen. Evolutiounsbiologesch gesinn an am Vergläich mat den Eenzeller hunn d'Zelle vun de Villzeller gréisstendeels hir Fäegkeet, fir sech eleng liewen ze kënnen, verluer a sech op eng Aarbechtsdeelung an den Tissue spezialiséiert.

Eng eukaryotesch Zell huet eng Gréisst tëscht 10 an 100 μm.

Eng Planzenzell kann desweideren nach vun enger Zellwand baussent der Zellmembran ëmgi sinn an Chloroplasten oder aner Zorte vu Plasten enthalen souwéi eng Vakuol, dofir awer keen Zentrosom.

Opbau vun enger eukaryotescher Déierenzell

änneren
 
1. Zellmembran
2. Zytosol
3. Mitochondrie
4. Golgiapparat
5. granulaart endoplasmatescht Reticulum
6. glat endoplasmatescht Reticulum
7. Zellkär
a. Nukleol
8. Kärenvelopp
9. Zentrosom
10. Lysosom
11. Peroxysom
12. Element vum Zytoskelett

Um Spaweck

änneren
Commons: Zellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Zellentheorie vu Schleiden a Schwann 1838