Schwaarz Iernz
D'Schwaarz Iernz (lokal: Schwaarz Erenz, Schwaarz Ernz[1]), och Schwaarz Ärenz[2] genannt, ass eng Baach zu Lëtzebuerg.
D'Schwaarz Iernz beim Schéissendëmpel | |
An anere Sproochen |
fr: Ernz Noire de: Schwarze Ernz |
---|---|
Längt | 20,6 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn |
Zesummefloss vun Iernsterbaach a Kriibsebaach |
Plaz | südëstlech vu Gonnereng |
Héicht | 316,6 m |
Koordinaten |
49° 41’ 30.5’’ N 6° 15’ 05.6’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Sauer |
Plaz | Grondhaff |
Héicht | 170 m |
Koordinaten |
49° 50’ 09.8’’ N 06° 19’ 47.4’’ O |
Haaptnieweflëss | Halerbaach, Bëlleger Baach, Konsdreferbaach |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften | Gonnereng, Jonglënster |
Si entsteet aus dem Zesummelaf vun der Iernsterbaach an der Kriibsebaach um Flouer An den Aessen südlech vu Gonnereng.
Vun do aus leeft se Richtung Norden laanscht Gonnereng, Jonglënster, Blummendall, Mëllerdall a Grondhaff, wou s'an d'Sauer leeft.
An hirem Ënnerlaf fléisst se duerch d'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz, wou se de Schéissendëmpel, eng "rustikal" Bréck mat engem klenge Waasserfall drënner, forméiert.
D'Schwaarz Iernz zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn.[3]
Niewebaachen
ännerenBiller
änneren-
D'Schwaarz Iernz um Grondhaff
-
... wou se an d'Sauer leeft
Kuckt och
änneren- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
ännerenCommons: Schwaarz Iernz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ wéi am Numm vun der Gemeng „Ärenzdall“
- ↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie