Loutrengen
Loutrengen - Lorraine | ||||||||||||||||||
| ||||||||||||||||||
Loutrengen (fr.: Lorraine) ass eng fréier Regioun am Nordoste vu Frankräich. D'Awunner sinn d'Loutrenger (fr.: Lorrains a Lorraines).
Am Kader vun enger territorialer Reform goufen déi dräi franséisch Regiounen, Loutrengen, Elsass a Champagne-Ardenne den 1. Januar 2016 zesummegeluecht fir eng nei Regioun mam Numm Grand Est ze bilden.
Geographie
ännerenLoutrenge war déi eenzeg franséisch Regioun déi eng Grenz mat dräi Länner hat, nämlech mat der Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland. Ausserdeem war Loutrengen d'Nopeschregioun vun de fréiere Regiounen Elsass, Champagne-Ardenne a Franche-Comté.
Geschicht
ännerenDen Ursprong huet Loutrengen am karolengesche Kinnekräich Lotharingie. Wéi d'Kinnekräich verschwënnt, gëtt vu béide Säiten u Loutrenge gerappt, vum Hellege Réimesche Räich a vu Frankräich. Obwuel d'Räich ufanks nach d'Nues fir huet, verléieren d'Keeseren awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi d'Kontroll iwwer Loutrengen, zu Gonschte vu Frankräich. Trotz de méi rezenten däitsche Versich vun 1871 an 1940 gehéiert Loutrengen haut zu Frankräich. En ettlech Leit op der elsässescher an däitscher Grenz (Departement Moselle) schwätzen haut nach, nieft franséisch, en däitschen Dialekt.
-
1400
-
1618-1648
-
1756
Literatur zur Geschicht
änneren- Jean Vartier, Histoire de la Lorraine ; Paräis (France-Empire), 1994; 323 Säiten. ISBN 2-7048-0741-8
- Guy Cabourdin & Claude Gérard, Lorraine d'hier, Lorraine d'aujourd'hui ; Nanzeg (Presses universitaires de Nancy) & Metz (Éditions Serpenoise), 1987; 231 Säiten. ISBN 2-86480-298-8 & ISBN 2-87692-000-X
- D. Mathieu (Abbé), L'Ancien Régime dans la province de Lorraine et Barrois d'après des documents inédits (1698-1789) ; Paräis (Hachette & Libraires-Éditeurs), 1879; 469 Säiten.
Ekonomie
ännerenMat 44 Milliarden Euro produzéiert Loutrengen 3,4 % vum franséische BIP, wat d'Regioun op déi 8. Plaz vun den 22 Regioune bréngt. D'Servicer fir Entreprisen an d'Logistik sinn déi zwéi Secteuren, wou een déi stäerkst Progressioun feststelle kann. Parallel dozou verschlechtert sech d'Situatioun vun den traditionellen Industrien (Textil, Metallurgie). Konsequenz dovun ass en héije Chômage-Taux.
Kultur
ännerenDuerch seng geographesch Lag war a Loutrengen zu allen Zäiten en Austausch tëscht franséischer a germanescher Kultur. Sou hu vill Saache sech mol als éischt a Loutrenge verbreet, éier de Rescht vu Frankräich eppes dovu matkritt huet. Aus Loutrenge kommen och vill kulturell Tendenzen, wouvun déi bekanntst wuel den Art nouveau ass, deen a Frankräich vun der École de Nancy verbreet gouf.
Sprooch
ännerenWierderbicher iwwer de loutrengesche Patois
änneren- [1] En Online-Vocabulaire "Du Pays Messin au sud des Vosges, e passant par Fraimbois".
- [2] Dem Lucien Adam säi Buch "Les patois lorrains" vun 1881 als pdf-Datei op "Gallica".
- [3] Dem Jaclot säi Buch "Vocabulaire patois du pays messin" vun 1995 als pdf-Datei op "Gallica".
- [4]. Eng Online-Versioun vum "Wörterbuch der elsässischen Mundarten" vun 1899-1907. Iwwerschafft vum Ernst Martin a vum Hans Lienhart.
- [5] Online-Versioun vum "Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten" vun 1909, iwwerschafft vum Ferdinand Follmann. D'Buch ass eigentlech en Idiotikon, et faasst nëmmen déi Wierder, déi anescht sinn wéi déi vun der Schrëftsprooch.
Bekannt Loutrenger
änneren- Bruno d'Eguisheim-Dagsbourg, besser bekannt als Poopst Leo IX. (1002-1054).
- Jeanne d'Arc (1412-1431); kënnt eigentlech aus dem Barrois mouvant.
- Antoine de Ville (~1492), éischte bekannten Alpinist.
- Jacques Callot (1592-1635), Artist (Graveur).
- Charles Messier (1730-1817), Astronom.
- Jean-Francois Pilâtre de Rozier (1757-1785), Physiker a Cheemiker, Aérostatier.
- Jules Ferry (1832-1893), Politiker a Staatsmann.
- Paul Verlaine (1844-1896), Poet.
- Henri Poincaré (1854-1912), Mathematiker.
- Georges Lenôtre (1855-1932), Schrëftsteller an Historiker.
- Louis Madelin (1871-1856), Historiker.
- Charles Aimond (1874-1968), Geeschtlechen an Historiker.
- Charles Hermite (1822-1901, Mathematiker.
- Maurice Barrès (1862-1923), Schrëftsteller a Politiker.
- Louis Hubert Lyautey (1854-1934), Maréchal de France, Résident général du Maroc, Member vun der Académie française.
- Lucien Fèbvre (1878-1956), Historiker.
- Robert Schuman (1886-1963, franséische Staatsmann (an der Stad gebuer).
- Fernand Braudel (1902-1985), Historiker.
- Pierre Messmer (1916-2007), Offizéier, Politiker a Staatsmann, Member vun der Académie française.
- Pierre Chaunu (1924-2009), Historiker.
- François Bluche (1925), Historiker.
- Patricia Kaas (*1966), Sängerin.
Literatur
änneren- Géologie et géographie de la Lorraine. A. Lexa-Chomard et C. Pautrot (sous la direction de). Éditions Serpenoise, 2006. 286 S.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Lorraine – Biller, Videoen oder Audiodateien |