L'Indépendance luxembourgeoise
fréier lëtzebuergesch Dageszeitung
L'Indépendance luxembourgeoise war eng lëtzebuergesch Dageszeitung a franséischer Sprooch, déi tëscht 1871 an 1934 op 6 Deeg an der Woch erauskoum.
Entête 1871 | |
Typ | Dageszeitung |
---|---|
Periodizitéit | 6 Woch |
Sprooch | Franséisch |
Éischt Ausgab | 1. Oktober 1871 |
Grënner | Jean Joris |
Lescht Ausgab | 31. Dezember 1934 |
Land | Lëtzebuerg |
Chefredakter |
Jean Joris, Nicolas Liez, Marcel Noppeney |
Déi éischt Nummer vun der Zeitung, déi vum Jean Joris gegrënnt gouf, koum den 1. Oktober 1871 eraus. Virdru war de Joris Editeur vu L'Avenir (1868-1971).
Redakter vun der Zeitung war ufanks de Jean Joris, duerno den Nicolas Liez an nach méi spéit de Marcel Noppeney. Zu de Mataarbechter hunn ë. a. den Etienne Hamélius (1856-1929), de Joseph Hansen (1874-1952), de Charles Becker (1881-1952) an de Paul Weber (1898-1976) gezielt.
L'Indépendance luxembourgeoise gouf Enn 1934 agestallt an duerch Luxembourg: journal du matin ersat.
Literatur
änneren- Hilgert, Romain, Zeitungen in Luxemburg 1704-2004, Service information et presse du gouvernement luxembourgeois, 2004, S.114 (Link op d'pdf-Dokument)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: L'Indépendance luxembourgeoise – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Disponibel Online op eluxemburgensia.lu vun der Nationalbibliothéik.