D'Massaker vu Srebrenica war e Krichsverbrieche wärend dem Bosniekrich, dat vun den UN-Geriichter als Genozid klassifizéiert gouf.[1]

D'Nimm vun den Affer um Memorial vu Potočari
Begriefnes vu 465 Affer vum Massaker, déi identifizéiert gi waren (2007).

An der Géigend vu Srebrenica goufen am Juli 1995 méi wéi 8.000 Bosniaken[2] – bal nëmme Männer a Jongen tëscht 13 an 78 Joer – doutgemaach.[3] D'Massaker gouf ënner der Féierung vum Ratko Mladić vun der Arméi vun der Republika Srpska (Vojska Republike Srpske, VRS), der Police a serbesche Paramilitären ausgefouert, an dat trotz der Presenz vu Blohelmzaldoten. Et huet sech iwwer e puer Deeg higezunn a geschouch op verschiddene Plaze ronderëm Srebrenica. Déi Dausende vu Läiche goufen a Massegriewer verschäert an an de Wochen dono e puermol aus- an op anere Plazen nees begruewen, fir Spueren ze verwëschen.

D'Massaker vu Srebrenica gëllt als dat schwéierst Krichsverbriechen an Europa zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich.[4]. Bei Prozesser virun internationale Geriichter koum eraus, datt déi Verbriechen net spontan geschouchen, ma systematesch geplangt an duerchgefouert goufen.

Literatur

änneren
  • Julija Bogoeva, Caroline Fetscher: Srebrenica. Dokumente aus dem Verfahren gegen General Radislav Krstić vor dem Internationalen Strafgerichtshof für das ehemalige Jugoslawien in Den Haag. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2002, ISBN 3-7718-1075-2.
  • Jan Willem Honig, Norbert Both: Srebrenica, der größte Massenmord in Europa nach dem Zweiten Weltkrieg. Lichtenberg, München 1997, ISBN 3-7852-8409-8.
  • Sylvie Matton: Srebrenica: un génocide annoncé, Flammarion, Paris 2005 ISBN 2-08-068790-5 .
  • Hasan Nuhanovic: Under The UN Flag. The International Community and the Srebrenica Genocide, DES, Sarajevo 2007, ISBN 978-9958-728-87-7 .
  • Eric Stover, Gilles Peress: Die Gräber − Srebrenica und Vukovar. Scalo, Zürich 1998, ISBN 3-931141-75-6.
  • Emir Suljagic: Srebrenica, Notizen aus der Hölle (Originaltitel: Razglednice iz groba, übersetzt von Katharina Wolf-Grießhaber, Nachwort von Michael Martens), Zsolnay, Wien 2009, ISBN 978-3-552-05447-9.
  • David Rohde: Die letzten Tage von Srebrenica. Was geschah und wie es möglich wurde. Rowohlt, Reinbek bei Hamburg 1997, ISBN 3-499-22122-5.

Um Spaweck

änneren
Commons: Massaker von Srebrenica – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. entspriechend der Konventioun iwwer d'Preventioun an d'Bestrofung vu Genoziden, déi 1951 a Kraaft getrueden ass.
  2. International Cour Pénale fir dat fréiert Jugoslawien: Kuerz Beschreiwung vum Balkan-Konflikt. (Gekuckt 2. Januar 2015).
  3. Urteel an éischter Instanz géinnt de Krstić (PDF; 702 kB), S. 27. Kuckt och d'Lëscht vun de vermësste Persounen (bosnesch).
  4. "UN-Strafgerichtshof Den Haag. Lebenslange Haft für Massaker in Srebrenica." tagesschau.de, 10. Juni 2010, gekuckt den 10. Juni 2010; "Gericht weist Klage gegen Niederlande ab", Süddeutsche Zeitung , 10. September 2008 (gekuckt de 27. Juli 2011)